Resilienz vis-à-vis vun den Auswierkunge vum Klimawandel bei de Kanner an de Familljen aus de ländleche Gebidder vu Betanzos

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 350 Kanner, 160 Bauerefamilljen, 70 Schüler a Schülerinnen

Dauer vum Projet : 2020/2022, 3 Joer

Uert : Betanzos, Departement vu Potosi, Bolivien

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère


Lokale PartnerSUMAJ PUNCHAY ass eng  Net-Regierungsorganisatioun ouni but lucratif, déi an der Haaptsaach an de marginaliséierten an entleeëne Regioune vu Bolivien aktiv ass. Si ass am Joer 2001 gegrënnt ginn, opgrond vun der grousser Aarmut an de ländlechen a stättesche Regioune vu Bolivien. „Sumaj Punchay“ ass e Begrëff, deen an der indigener Sprooch Quechua souvill bedeit wéi „ënnerwee a besser Zäiten“. D’Zil vun der ONG ass, deenen zukünftege Generatioune besser Konditiounen ze schafen a puncto sozial Gerechtegkeet, Educatioun, Gesondheet, Respekt vun der Ëmwelt, Biodiversitéit, Autodeterminatioun a Gläichheet tëschent de Geschlechter. Dobäi sollen d’Mënscherechter a virun allem d‘Rechter vun den autochtone Vëlker respektéiert ginn.

Photo d'une femme arrosant les plantations à Betanzos, Bolivie.

Kontext

Zu Betanzos ass d’Landwirtschaft an enger Héicht vun iwwer 4000 Meter, haaptsächlech vum Klima ofhängeg an d’Familljen, déi dovunner liewen, hunn et schwéier, fir sech un d‘Auswierkunge vum Klimawandel unzepassen, déi säit enger Rei vu Joren ëmmer méi zouhuelen (Dréchent, staarke Reen, Iwwerschwemmungen, Knëppelsteng, Frascht …). Als Konsequenz vun der Zerstéierung vun de landwirtschaftleche Produktiounssystemer an der Verschlechterung vun de Biedem hëlt d’Produktivitéit of, an dat bedeit eng grouss Onsécherheet fir d’Ernärung vun de Familljen an de Kanner.

D’Missioun

De Projet soll virun allem deenen ufällegste Persoune vu Betanzos et erméiglechen, d’Auswierkunge vum Klimawandel besser z’erdroen, andeems d’Kanner aus den äermste Familljen ënnerstëtzt ginn. Den Zougang zum Waasser soll duerch den Asaz vun nohaltege landwirtschaftlechen Technike verbessert ginn. D’Zil ass, engersäits d’Rechter vun de Kanner ze garantéieren an anerersäits hiren Elteren, duerch de Verkaf vu  landwirtschaftleche Produiten, en Akommes z’erméiglechen.

D’Aktivitéiten

  • Ariichte vun 12 Systemer, déi d’Reewaasser opfänken a vun 30 Systemer, déi d’Uewerflächewaasser faassen, fir de Verbrauch vun de Familljen a fir d’Bewässerung; Organisatioun vun Ateliere fir d’Konstruktioun, d’Benotzung an den Ënnerhalt vun deene Wassersystemer
  • Ariichte vun 114 Geméisgäert ; Organisatioun vu Formatiounen mam Zil fir déi traditionell Geméisproduktioun an de Verkaf vun de Produiten ze verbesseren ; Partizipatioun vun de Familljen un de lokale Mäert
  • Neiuplanzung vu Beem
  • Organisatioun vu Formatiounen zum Thema Ernärung, Hygiène an Ernärungssécherheet
  • Sensibiliséierung an de Schoule fir de Klimawandel a seng Auswierkungen souwéi d’Resilienzkapazitéiten

D‘Beneficiairen

350 Kanner, 160 Bauerefamilljen, 70 Schüler a Schülerinnen


Faire un don pour les enfants et familles des zones rurales de Betanzos


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€