Verbesserung vun de Liewenskonditiounen vun de benodeelegte Familljen am Ger-Distrikt vu Chingeltei zu Ulan Bator, Mongolei

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 27 Familljen

Dauer vum Projet : 18 Méint

Uert : Ulan Bator, Mongolei

Logo fondation Abbé Pierre

Lokale Partner

D’MONES ass eng mongolesch Associatioun, déi 2000 gegrënnt gouf, fir d’Fraenassociatiounen an d’Fraerechter an der Mongolei z’ënnerstëtzen. Zënter 16 Joer huet d’NRO duerch de Finanzement vun 356 Projeten iwwer 852 000 Dollar un d‘Fraenassociatiounen an alle Provënzen vun der Mongolei verdeelt.

D’Visioun vun der MONES ass, datt d’Fraen déiselwecht Rechter wéi d’Männer an d’Kapazitéiten hunn, fir sech eegestänneg z’entwéckelen an als dreiwend Kraaft vun der Gesellschaft unerkannt an appreciéiert ze ginn.

D’Missioun vun der NRO besteet dran, den Associatiounen duerch d’Mobiliséierung vu Fongen, Ressourcen, Kenntnisser a Kompetenzen eng technesch a finanziell Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen, an doduerch d’Rechter vun de Fraen an der Mongolei ze stäerken.

Dofir schützt a fërdert d’MONES d’Rechter vun de Fraen a stäerkt hir Féierungskapazitéiten, fir d‘Justiz, d’Gläichberechtegung an d‘Transparenz souwéi den Engagement vun de Fraen op lokalem a nationalem Niveau ze verbesseren.

Kontext

Ulan Bator ass haut eng vun deenen am meeschte verschmotzte Stied an der Welt. Besonnesch an de Gebidder vun de Ger-Distrikter (Jurten) ass d’Konzentratioun vu PM 2,5 am Wanter pro 24 Stonnen 100mol méi héich, wéi d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) et erlaabt. Eng Majoritéit vun de mongolesche Bierger, 57,5 %, liewen an esou Ger-Distrikter. Der Meenung vun de Spezialiste vun der mongolescher Wëssenschaftsakademie an aneren Institutiounen no, si 60 % vun deene Stéit mam Problem konfrontéiert, datt hir Wunnengen zevill un Hëtzt verléieren. Dat féiert dozou, datt méi Kuel verbraucht an doduerch d’Loftverschmotzung nach verstäerkt gëtt. Et ass also immens wichteg, datt de Verloscht vun Hëtzt an de Wunnenge vun dësen hëllefsbedürftege Familljen reduzéiert gëtt. Soubal si hir Haiser richteg hëtze kënnen, gëtt manner Kuel verbraucht an d’Loftverschmotzung hëllt of.

De 16. Khoroo (Ënnerbezierk) vum Chingeltei-Distrikt an der Stad Ulan Bator gouf net zeréckbehal, fir, am Kader vun engem laangfristege Programm bis 2030, un d’Stroumnetz ugeschloss ze ginn, obwuel dat esou virgesi war. Dofir wëlle mir 16 armen Familljen aus dësem Khoroo selektionéieren an hinnen d’Méiglechkeet ginn, hir Haiser z’isoléieren an doduerch hir Liewenskonditiounen ze verbesseren. Ausserdem selektionéiere mer eng aner Grupp vun aarme Familljen aus deemselwechte Khoroo, déi (nach) traditionell Holztoilette benotzen, fir géint d‘Pollutioun vum Buedem virzegoen.

D’Missioun / D’Aktivitéiten

Haaptzil : Zur Verbesserung vun de Liewenskonditiounen an den aarme Quartiere vun Ulan Bator bäidroen

Spezifescht Zil: Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de benodeelegte Gruppen an dem Ger-Distrikt vu Chingeltei, Ulan Bator

  • Verbesserung vun de Liewenskonditioune vu 16 aarme Stéit, andeems si selwer bei der Isoléierung vun hiren Haiser matmaachen : d’Besoine ginn evaluéiert an déi Leit, déi a Fro kommen, mobiliséiert. D’Kapazitéite vun de Beneficiairë, fir hir Wunnengen z’isoléieren, gi verstäerkt a mat der Bedeelegung vun de Beneficiairë ginn d’Haiser an d‘Jurten isoléiert.
  • Verbesserung vun de Liewenskonditioune vu 7 Familljen, andeems se bei der Erneierung vun hiren Toilettë mathëllefen: d’Kapazitéite vun de Beneficiairë fir d’Konstruktioun an den Ënnerhalt vun ëmweltgerechten Toilettë gi verstäerkt. Konstruktioun vun dréchenen Toiletten an Egoute mat Participatioun vun de Stéit
  • Diffusioun vun ëmweltschounenden Aktivitéiten : d‘Praxis an  d‘Bedeitung vun der Isoléierung vun de Jurten/Haiser an dréchenen Toilettë gi bei de Communautéite vum Khoroo verbreet, Formatiounen an de Beräicher Gesondheet, Hygiène, Ëmwelt …

D’Beneficiairen

Déi 92 Membere vun 23 Familljen, déi direkt vum Projet profitéieren, si benodeelegt Bierger, déi ënnert der Aarmutsgrenz liewen.

16 Membere vu 4 anere Famillje profitéiere vun enger Verbesserung vun hire Liewenskonditiounen duerch d’Ënnerstëtzung vun deenen éischte Beneficiairen an de Fundraising.

Nieft den direkte Beneficiairë vum Projet wäerten op d’mannst 200 Bierger, déi an deemselwechte Khoroo liewen, feststellen, datt si hir Liewensëmstänn an doduerch hir Liewensqualitéit duerch eegen Initiativ verbessere kënnen.