Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de Famillje mat visuell behënnerte Memberen, duerch e Fong vu Mikro-Kredit an adaptéiert Formatiounen, Ulan Bator, Mongolei

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 18 blann Persounen, dovunner 12 ouni Ënnerdaach

Dauer vum Projet : 18 Méint

Uert : Ulan Bator, Mongolei

Lokale Partner

MNFB ass eng mongolesch Net-Regierungs-Organisatioun, déi zum Zil huet, d’Rechter vun de blanne Persounen ze verdeedegen an hir Participatioun an der Gesellschaft, genee wéi déi vun deenen anere Bierger, z’encouragéieren.

D’Federatioun gouf 1978 op Initiativ vun engem Grupp vu blanne Persoune gegrënnt. Si verfüügt haut iwwer 23 Branchen iwwert d’Land, an de Reseau dréit dozou bäi, datt déi blann Persounen eng Educatioun, Aarbechtsplazen, adaptéiert Soinen an en Zougang zu Kultur a Sport kréien. D’Vereenegung zielt 9 600 Memberen, déi ënnert enger visueller Behënnerung leiden.

Kontext

Et gëtt 11 700 Persoune mat visueller Behënnerung an der Mongolei, an déi meescht vun hinne sinn net mat deenen anere Bierger gläichgestallt, wat d’Ausübung vun hire Grondrechter ugeet. Si hu keng Méiglechkeet, fir um soziale Liewen deelzehuelen a keen Zougang zur Educatioun, zum Aarbechtsmaart, zu Formatiounen a Servicer fir Readaptatioun asw. An anere Wierder: déi meescht Blann si vun der Gesellschaft isoléiert. Et gëtt zum Beispill 1 200 Kanner mat visueller Behënnerung awer nëmmen 125 vun hinne ginn an eng Spezialschoul oder an eng Crèche. Déi aner sinn net an den Educatiounssystem integréiert. Nëmme 4,5 % vun de Blannen, déi am Alter sinn, fir schaffen ze goen, hunn eng Aarbecht, an déi Persoune mat enger visueller Behënnerung musse mat enger Invalidepensioun vun nëmmen 170 000 MNT de Mount auskommen. Sou liewen déi meescht Blann an der Aarmut. Zënter 2003 kritt de MNFB Demandë vu blanne Persounen ouni Ënnerdaach, déi eng Hëllef  ufroen, fir eng Wunneng ze fannen.

Vill Länner bidden de Blannen eng Formatioun fir Readaptatioun un a Servicer, déi hirt Selbstvertraue stäerken an hinnen déi néideg Kenntnesser a Kompetenze vermëttelen, fir am Alldag autonom ze sinn a fir um soziale Liewen deelzehuelen. Leider gëtt et an der Mongolei kee Rehabilitatiounszenter fir Blanner. De Konzept vun der Readaptatioun existéiert nëmmen am Kader vun de Spideeler an am Gesondheetsberäich. An der Mongolei misst dofir e System vun integréierte Servicer ageriicht ginn, deen de spezifesche Besoine vun de concernéierte Persounen entsprécht, am Hibléck op Readaptatioun a Formatiounen am Alldag, Orientéierung a Mobilitéit, de Gebrauch vun Hëllefsmëttelen an d‘Beräicher vun der Aarbecht an der Psychologie.

D’Missioun / D’Aktivitéiten

Haaptzil : Zur Verbesserung vun de Liewenskonditiounen an den aarme Quartiere vun Ulan Bator (Mongolei) bäidroen

Spezifescht Zil: D’Liewenskonditioune vun de Famillje mat visuell behënnerte Membere verbesseren duerch e Fong vu Mikro-Kredit an adaptéiert Formatiounen

  • Ariichte vun engem Fong fir Mikro-Kredit fir de Wunnraum
  • Ënnerstëtzung vun de Famillje mat visuell behënnerte Memberen, wann se sech an hirer neier Wunneng installéieren
  • De Beneficiairë vum Projet Formatiounen an der Haushaltsféierung ubidden
  • Adaptéiert Formatioune fir d’Beneficiairen ubidden: Kompetenze fir dat deeglecht Liewen, Orientéierung a Mobilitéit, Ëmgang mat Funktiounsapparaten …

D’Beneficiairen

18 blann Persounen, déi keen Zougang zur Educatioun oder zu enger Aarbecht hunn an déi an der Aarmut liewen. 12 vun hinnen hu keen Ënnerdaach.