Sanéierung a Verbesserung vun den hygienesch Konditiounen an enger Schoul an an engem Pensionat an der ruraler Zon Bayankhangai

Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 269 Kanner

Lafzäit vum Projet : 2018/2019, 12 Méint

Wou? : Distrikt vu Bayankhangai, Distrikt vun Tuv Mongolei


Lokale Partner

Parents Teachers Association (PTA) gouf 2014 gegrënnt duerch zwee eemoleg Mataarbechter vun der ONG Save The Children-Japan – dat op Nofro vun Elteren a Léierpersonal d’Konditioune vun de schouleschen Infrastrukture fir d’Kanner aus er Primär- a Spillschoul ze verbesseren. D’ONG well insgesamt d’Educatioun Verbesserung duerch d’Verbesserung vum Schoulsystem an d’Bedeelegung vun den Elteren.
D’Missioun ass all Kand aus der Mongolei zu engem aktiven an onofhängegem Mënsch ze maachen, d’Eltere gi bei der Entwécklung staark agebonnen.
D’Associatioun schafft mat dräi Zilgruppen zesummen: Eltere mat engem Kand mat Handicap, ethnesch Minoritéiten an Nomadefamillen. Dat sinn déi dräi Bevëlkerungsdeeler déi am mannsten Accès op déi basechst Servicer an Hëllefen hunn.
D’Associatioun well hir Ziler duerch folgend Aktivitéiten erreechen:
– D’Elteren op eng positiv a verstäerkend Erzéiungsmethoden hiféieren
– Sensibiliséierung vun den Eltere fir d’Kanner ze motivéieren sech gesellschaftlech ze engagéieren
– D’Verbesserung vun de schouleschen Infrastrukturen

De Problem

D’Schoul vu Bayankhangai kann 220 Schüler (tëscht 6 a 15 Joer) ophuele vun engem Schouljoer dat u September bis Juni geet. An deenen 10 Méint mécht d’Schouljoer also dräi Joreszäiten duerch – Temperature leien an der Zäit tëscht +15°C à -30°C. D’Sanitäranlage sinn awer absolut net un déi Konditiounen ugepasst. Fréier war an der Schoul eng Säuberungsanlaag an fléissend Waasser installéiert, duerch d’Klimaverhältnesser ass den Ofwaassersystem beschiedegt ginn -déi ganz Sanitäranlage kennen also net benotzt ginn.
Well de Budget feelt konnte bis ewell nach keng Reperature gemaach ginn . Rudimentär Latrinë sinn also als Léisung hiergeholl ginn eng 50 m vun der Schoul ewech; Den Zougang ass schwéier virun allem am Wanter an an der Nuecht, si sinn ausserdeem net fir Kanner ënnert 10 ugepasst. Eng Dusch gëtt et keng fir déi 49 Leit aus dem Pensionat, Lavaboen och net- d’Waasser gëtt a Pëtzer gesammelt.

Ziler/Aktivitéiten

Global : d’Liewenskonditioune vun de vulnerabele Persounen aus der Mongolei verbesseren duerch besser Wunnkonditiounen. Konkret: 220 Kanner déi d’Schoul an de Pensionat vu Bayankhanga besiche verbesseren hier Hygienesch Verhältnisser

  • Bau vu Sanitäranlagen déi kannerfrëndlech sinn, Bau vu Säuberungsanlagen déi ëmweltfrëndlech sinn
  • Formatioun vun de Kanner, den Elteren an dem Schoulpersonal iwwert Hygienesch-Gewunnechten
  • Kannerfrëndlech Toiletten uechtert Land promovéieren an d’Sanitäranlagen an de Schoule verbesseren

Beneficiairen

Direkt
-220 Schüler
-220 Elteren
-35 Schoulpersonal
-49 Schüler aus dem Pensionat
Indirekt
Mongolesch Bevëlkerung