Grënnung vun engem Musterschouldortoir no enger communautair-participativer Approche an engem Ger-Distrikt vun Ulan Bator, Mongolei

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 102 Kanner

Dauer vum Projet : 18 Méint

Uert : Ulan Bator, Mongolei

Lokale Partner

D’Parents Teachers Associatioun (PTA) gouf 20014 gegrënnt op Initiative vun zwou fréiere Salariéeë vun der NRO Save The Children-Japan, opgrond vun enger staarker Nofro säitens den Elteren, de Léierpersounen an den edukativen Institutiounen no enger verbesserter Qualitéit vum Enseignement an de schouleschen Infrastrukturen an de Primär- a Spillschoulen. D’NRO huet als Zil, d‘Educatiounssystem duerch den Engagement vun de Bierger an d’Matbedeelegung vun den Elteren ze verbesseren.

Hir Missioun ass, aus all Kand en aktiven an onofhängege Bierger ze maachen, andeems d’Elteren an déi Aufgab mat agebonne ginn. Si sinn et, déi hir Kanner verstinn, hinnen nolauschteren, si betreien an ënnerstëtzen an hinnen e Virbild sinn.

D’Associatioun këmmert sech ëm dräi Zilgruppen: D’Eltere vun handicapéierte Kanner, d’Populatiounen, déi zu ethnesche Minoritéite gehéieren (wéi d’Kazakhen am Weste vum Land) an d’Nomadefamilljen. Dës dräi Gruppe leiden un Aarmut an engem Mangel u Grondversuergung.

D’Associatioun wëll hir Objektiver an der Haaptsaach duerch dräi Zorte vu Moossnamen erreechen :

  • D‘Eltere maachen eng Formatioun an der positiver Educatioun
  • D’Elteren an d’Kanner gi sensibiliséiert a motivéiert, fir sech um communautaire Liewen ze bedeelegen; eng gutt Gouvernance gëtt encouragéiert
  • D‘Infrastrukture vun de Primär- a Spillschoule gi verbessert.

Kontext

92,8 % vun de Schüler/inne vun der Schoul vu Gachuurt hunn uginn, datt déi sanitär Installatiounen net konform wären (vereelst, schwéier ze benotzen, net un d’Besoine vun den handicapéierten an de jéngste Kanner ugepasst, keng Duschen a keng Wäschkichen). 80,3 % an 62,5 % vun hinnen hu geäntwert, si hätte kee Kleederschaf, keen Dësch a keng Still.

D’Missioun / D’Aktivitéiten

Haaptzil : Zu enger Verbesserung vun de Liewenskonditiounen an den aarme Quartiere vun Ulan Bator bäidroen

  • Ariichte vun engem Musterdortoir duerch d’Zesummenaarbecht vun de Memberen aus der lokaler Communautéit a Renovéierung vun de sanitären Installatiounen.
  • Verbesserung vun de Kompetenzen an de Kenntnisser vum Schoulpersonal an der lokaler Communautéit: Formatioun iwwert d’Kannerrechter an an de Beräicher Gesondheet, Hygiène, Sécherheet, Ëmwelt …

D’Beneficiairen

102 Kanner vu Nomadefamilljen (96 Kanner wäerte vun de renovéierten Dortoiren, 102 Kanner vun den Installatiounen an de WASH-Formatioune profitéieren). Am Uschloss un dëse Projet wäerte mir nach zousätzlech Dortoiren mat je 6 Kannerbetter ariichten.

D’Schoulcommunautéiten, dorënner d’Schüler/innen (770), d’Elteren, déi lokal communautaire Gruppen, d’Cooperativen (eng 1 000), d’Duerfautoritéiten (Gouverneur vum Khoroo a Sozialaarbechter), d’Enseignanten an d’Schoulpersonal (78) profitéieren och direkt oder indirekt vun dem Projet.