Ernärungssouveränitéit a Widderstandsfäegkeet vis-à-vis vum Klimawandel an der ländlecher Mongolei

Zuel vun de Beneficiairen : 3200 Persounen

Dauer vum Projet : 3 Joer

Uert : D’Duerf Khishig-Undur (Bulgan Provënz), Mongolei

Lokale Partner

D’Associatioun Ecosoum gouf am Joer 2018 gegrënnt an huet direkt mat hirem éischte Projet ugefaangen, bei deem et ëm eng besser Gestioun vum Haushaltsoffall geet.

Zënterhier entwéckelt d‘Ecosoum och aner Projeten:

  • e landwirtschaftleche Projet, deen déi lokal biologesch Landwirtschaft ënnerstëtzt an entwéckelt,
  • en anere Projet, deen déi handwierklech Produktiounskapazitéite vu lokale Wueren a Servicer ënnerstëtzt, déi nëtzlech fir d’Bevëlkerung sinn

Dës Projete sollen déi lokal Widderstandsfäegkeet vun der Duerfgemeinschaft stäerken, besonnesch am Kontext vum Klimawandel.

D’Associatioun Ecosoum huet eng besonnesch Legitimitéit, wann et ëm d‘Ëmsetzung vun hire Projete geet, well si sech exklusiv aus Awunner vun den Dierfer zesummesetzt, wou d’Projeten duerchgeféiert ginn a si profitéiert vun der formeller Unerkennung vun de lokalen Autoritéite bei der Duerchféierung vun deene Projeten. Zu den associative Membere vun der Ecosoum, déi zu Ulan Bator stationéiert sinn, gehéieren och vill Fräiwëlleger mat Expertisen a Beräicher, déi am Zesummenhang mam Klimawandel stinn (Architekt mat Spezialisatioun an der Energieeffizienz, Waasser- an Ëmweltingenieuren, etc.).

Zousätzlech ass dëse Projet  ganz koherent ofgestëmmt mam Mandat a mat anere Projete vun der Associatioun  (Gestioun vum Offall, nohalteg Landwirtschaft an Déierenzuucht asw.), déi all fir den Ëmweltschutz a géint de Klimawandel kämpfen.

Kontext

D’Mongolei ka sech zwar säit historeschen Zäiten duerch eng extensiv Weedewirtschaft selwer  mat Fleesch a Mëllechprodukter versuergen, awer dat ass nach laang net de Fall, wat Geméis an Uebst ugeet.

Wéi de gréissten Deel vum Land och, huet de Soum (Duerf) vu Khishig-Undur, wou  zwee Drëttel vun de Familljen nomadesch Véiziichter sinn,  e grousse Problem mat der Iwwerweedung, déi zu deem beonrouegende Phänomen vun der Desertifikatioun vun de Steppe bäidréit. Et sollt och ernimmt ginn, datt de Bëschmanagement zu Khishig-Undur relativ schlecht ass. Effektiv huelen d’Flächen, déi vu Bëscher bedeckt si, konstant of a representéieren elo nëmmen nach 8% vun der Gesamtfläch vum Soum (32300 ha vun am Ganzen 245500 ha), wat mat der allgemenger Situatioun an der Mongolei vergläichbar ass.

Khishig-Undur ass ongeféier 300 km (iwwer Pawee a Feldweeër) vun der Haaptstad Ulan Bator ewech, vu wou déi meescht Wueren a Liewensmëttel a sou gutt wéi all d‘Geméis hierkommen, ob se aus dem Ausland importéiert oder an anere Regioune vun der Mongolei produzéiert ginn.

Déi national Ënnerproduktioun vu Geméis an de Manktem un Ernärungssouveränitéit si Problemer, déi säit Joerzéngte gutt bekannt sinn. D’Schwieregkeeten, mat deenen d’Bauere konfrontéiert sinn, hunn duerch d’Auswierkunge vum Klimawandel zougeholl. Zousätzlech hunn d’Covid Kris an d‘Bewegungaschränkungen am Joer 2020 an an der éischter Hallschent vun 2021 déi ganz Ausmooss vun de Problemer an den isoléierte Soume wéi Khishig-Undur gewisen. Wéi den Transport vu Wueren aus der Haaptstad Ulan Bator zeréckgoung an d’Präisser geklomme sinn, ass d’Versuergung mat Geméis problematesch ginn, an d’Demande läit wäit iwwer der lokaler Produktioun an och iwwer der importéierter Offer. Dës Situatioun wäert sech ganz warscheinlech an der Zukunft nach weider verschlechteren. Dofir ass et wichteg, Schrëtt z’ënnerhuelen, fir d’Ernärungssouverainetéit vum Soum an d’Widderstandsfäegkeet vu senge Communautéiten ze verbesseren.

 D’Missioun

Allgemengt Zil: D‘Ernärungssouveränitéit an d’Widderstandsfäegkeet vun de mongolesche ländleche Gemeinschafte vis-à-vis vum Klimawandel duerch d’Entwécklung vun der lokaler agro-ekologescher Produktioun vu Geméis an Uebst verbesseren

Spezifescht Zil: D’Produktioun an d‘Konservéierung vu Geméis an Uebst zu Khishig-Undur erhéijen

 Aktivitéiten

  • Grënnung vun engem gemeinschaftlechen Agropark vu 6,2 ha, fir lues a lues op lokalem Niveau genuch Geméis ze produzéieren, fir d’ganz Bevëlkerung vum Soum ze versuergen, Weiderbildung vun de lokale Baueren
  • Grënnung vun engem 10 ha grousse Gemeinschaftsgaart, fir nei nohalteg Aarbechtsplazen ze schafen an d’Widderstandsfäegkeet vun de Gemeinschafte vis-à-vis vum Klimawandel ze stäerken,  praktesch Ausbildung vun de Stéit, déi vum Projet profitéieren
  • Renovéierung vun engem effiziente Gemeinschaftskeller an Entwécklung vun der Veraarbechtung vu Geméis an Uebst, fir et iwwer dat ganzt Joer ze konservéieren an d’Bevëlkerung vum Soum ze versuergen, Ausbildung vun de Stéit iwwer d’Konservéiere vu Liewesmëttel

D’Beneficiairen

De Projet betrëfft 3200 Persounen, dat heescht déi ganz Bevëlkerung vum Duerf Khishig-Undur, deenen hir Ernärungssouveränitéit verbessert an hir Widderstandsfäegkeet géint de Klimawandel gestäerkt gëtt, well all d‘Awunner direkt vum besseren Zougang zu guddem lokale Geméis an Uebst profitéiere wäerten.

Méi spezifesch profitéiere vum Projet:

  • 5 bis 10 Familljen, déi am Agropark agebonne sinn
  • 12 Famillje vun “amateur Gäertner”
  • 20 Familljen, déi am Uebstbau implizéiert sinn