Schoul fir 150 Kanner am Zentrum vun Akany Avoko Ambohidratrimo (AAA)

Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 150 Kanner

Lafzäit vum Projet : 2020/2022, 3 Joer

Wou? : Antananarivo, Ambohidratrimo, Madagascar

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

AAA (Akany Avoko Ambohidratrimo) ass eng a.s.b.l déi hiren Zentrum 1964 opgemaach huet. Zanter dem 11 Januar 2010 ass , d’Madame ANDRIANDANJA Lalasoa Maminirina (Nina) t’Directrice. Si schafft zanter 24 Joer am Zentrum als sozial Enwtécklungsaarbechterin.

Desen Zentrum hellt bis zu 150 mannerjäreg Kanner op, vun deenen ugeholl gëtt dass se enger Gefor ausgesat sinn (abandonnéiert Kanner, mësshandelt Kanner, Affer vu sexuellem Mëssbrauch). Am Zentrum sollen des Kanner geschützt ginn, eng Schoul an eng professionell Ausbildung kréie souwéi sécher ënnerbruecht an erniert ginn a vu Fräizäitaktivitéite profitéiere kennen, dat alles andeems gläichzäiteg dofir gesuergt gëtt dass d’Kanner Gesondheetlech versuergt sinn.

De Problem

Zanter 2001, stinn dem Zentrum leider keng staatlech Subventioune méi zur Verfügung. D’Leit aus dësem Zentrum mussen also fir all eenzelt Kand an däi Recht op eng Schoul kämpfen. D’Ekipp vum d’Akany Avoko Ambohidratrimo Zentrum probéiert also Innovatiounen duerchzesetzen, dat net nëmme fir de Kanner eng méi ëmweltbewosstst Approche nozebrénge mee och fir Suen ze spueren déi an d’Ausbildung vun de Kanner kennen investéiert ginn, d’Iddi: Recycling! Dat fir energietechnech selbstsuffizient ze ginn an d’Recettë vun de Spenden an Hëllefe fir d’Schoulausbildung halen ze kennen.

Fir sech weider finanzéieren ze kennen huet den Zentrum eng Vilfalt u Projeten entwéckelt déi d’Ausgabe staark erofsetze soll an en Zentrum vu positiver Energie gi soll, dat duerch de Verkaf vu Materialien déi aus dem Recycling entstane sinn. Den Zentrum baut och eegent Uebst a Geméis, an ass am Besetz vun zwou Mëllechkéih (D’Halschent vun der Mëllech gëtt verkaf, déi aner Halschent ass fir d’Kanner). Donieft gëtt Reewaasser gesammelt. Am Zentrum steet en Uewen dee mat Solar Energie berdriwwen ass. Elektrizitéit gëtt vun enger Wandrad produzéiert fir en Drëttel vun der begéinter Energie ze produzéieren. Bis 2025 sollen duerch Patenschafte permanent Fonge fir d’Finanzéierung vun der Schoulausbildung vun de Kanner zesummegestallt ginn.

Ziler/Aktivitéiten

D’Haaptzil ass, sech ëm déi 150 Kanner ze këmmeren, déi am Zenter AAA ënnerbruecht sinn, an hir Zukunft ze sécheren.

Dat spezifescht Zil ass, déi 150 defavoriséiert Kanner, déi am Zenter ënnerbruecht sinn, op eng gesond Zukunft virzebereeden, se selbststänneg ze maachen fir datt se sech mat Erfolleg an d’Gesellschaft vu Madagaskar agliddere kënnen.

  • Astelle vun zwou zousätzleche Persoune fir d’Gestioun vum Zenter, Formatioun fir d‘Strategie vum Fundraising
  • Installatioun vu Solarpanneauen, Grënnung vun engem Fabrikatiounsatelier fir Binden an Ausbildung vu véier Persounen am Beräich vun der Restauratioun, fir esou déi Aktivitéiten z’entwéckelen, déi zur Finanzautonomie vum Zenter bäidroen
  • Medezinesch Prise en Charge vun de Kanner a Puppelcher, Reamenagement vun hirem Betreiungsservice, Ausbildung vun Infirmièren
  • Bekäschtegung an Educatioun fir 125 Kanner souwéi der berufflech Ausbildung vu 15 jonke Leit, an dat all Joer
  • Organisatioun vun 12 Atelieren am Joer fir d’Educatioun vun den Elteren, fir datt d’Kanner zréck an hir Famillje komme kënnen
  • Organisatioun vu 6 Fräizäitaktivitéiten am Joer fir d’Kanner

 

Beneficiaire

150 Kanner an 42 Membere vum Personal vum Zenter


Faire un don pour les enfants du centre Akany Avoko Ambohidratrimo


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€