Renovatioun vun de Kollektiv-Zentren
Status: Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen :800 Persounen
Lafzäit vum Projet : 2004 – 2005
Lokal Partenairen
D.E.A Mitrovica, Democratization, Education, Advocacy, lokal ONG, gegrennt vu fréiere Salariéë vu PADEM am Kosovo.
Problematik
Et besteet ëmmer nach eng Feindschaft tëscht de Leit aus Albanien a Serbien. Des Situatioun féiert dozou, dass aner Gemeinschaften, wéi z.B déi vun de Roma, net genuch geschützt ginn. A virun allem d’Roma liewen an enger schwiereger Situatioun.
Vill Roma hu missten, ebe wéinst dësem ethnesche Konflikt, relocaliséiert ginn.
Ee Camp ass 1999 zu Leposavic organiséiert ginn, dat an enger Lagerhal vun der serbescher Arméi. 500 Persoune goufen dohi bruecht a liewen elo do zanter 7 Joer. D’Konditioune sinn, wéi dir Iech virstelle kennt, net optimal. Aner Leit liewen a Kollektiven Zentre vu Gemengen, déi allerdéngs och erofkomm sinn.
Ziler / Aktivitéiten
D’Zil vum Projet ass di allgemeng Liewenskonditioune vun de Famillen déi an di beschriwwen Zentren (13 am Ganze plus ee Roma-Camp) relokaliséiert gi sinn ze verbesseren (Norde vu Kosovo)
Aktivitéiten :
- Renovatioun (Däscher, Sanitäranlagen, Waasser-Accès, Elektresch a Zëmmere fir de private Gebrauch (ofhängeg vun de Besoinen)
Beneficiairen
800