D’Kannerrechter schützen a stäerken duerch den Zougang zu propperem Waasser a sanitären Ariichtungen an de Schoule vun Homa Bay County am Kenia

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 6 500 Persounen, dovunner 516 Kanner a 26 Enseignanten

Dauer vum Projet : 1 Joer

Uert : Standuert Kokoth Kateng, Karachuonyo North Constituency, Homa Bay County, Kenia

Lokale Partner

ANPPCAN: African Network for the Prevention and Protection against Child Abuse and Neglect

D’ANPPCAN ass eng panafrikanesch Organisatioun fir de Schutz vun de Kannerrechter, déi am Kenia als Net-Regierungs-Organisatioun  ënnert der Nummer OP.218/051/9264/61 enregistréiert ass, nom Artikel 10 vum Gesetz iwwer d’Koordinatioun vun den Net-Regierungs-Organisatiounen. D’ANPPCAN gouf 1986 zu Enugu am Nigeria gegrënnt, wärend der éischter afrikanescher Konferenz iwwer d’Mësshandlung an d’Vernoléissegung vun de Kanner. Si huet e Beobachterstatut bei der Afrikanescher Unioun an en änleche Statut bei der afrikanescher Kommissioun fir d’Rechter vun de Mënschen an de Vëlker. De Schwéierpunkt läit op der Preventioun vun deene schlëmmste Forme vu Kanneraarbecht an op der Rehabilitatioun vun de Kannerrechter.

D’ANPPCAN huet scho mat Succès e Projet Waasser an Assainissement zesumme mat der PADEM duerchgeféiert, an den aktuelle Projet ass d’Fortsetzung dovunner. De viregte Projet war zu Kokidi, am Quartier vum Bezierk vu Karachuonyo, Homa Bay County, Kenia, an huet sech mat der Primärschoul Otaro an dem Lycée Mixte Otaro (déi béid leien am Beziirk vu Karachuonyo) souwéi mat de Nopeschcommunautéite befaasst. An der ofschléissender Evaluatioun vun deem Projet ass ze liesen: „De Projet vun der ANPPCAN ass am Allgemenge ganz gutt ofgelaf: d’Ziler konnte pénktlech an am geplangte Budget  erreecht  ginn. Den Interessi, deen de Projet ervirgeruff huet, dréit staark dozou bäi, seng Nohaltegkeet ze sécheren.

Kontext

D’Kanner (0-18 Joer) representéieren am Kenia méi wéi d’Halschecht vun der ganzer Population vun 38 Milliounen Awunner (national Vollekszielung vun 2009) an 20% vun der Populatioun si manner wéi 5 Joer al. D’Kanner gehéieren zu deenen am meeschte vernoléissegte Membere vun der kenianescher Gesellschaft, an dofir mussen hir Rechter, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet an der Educatioun, gestäerkt a geschützt ginn.

De schlechten Zougang zu propperem Waasser an enger adequater Sanéierung ass och haut nach ëmmer eng Menace fir déi mënschlech Gesondheet. Am Joer 2003 goungen ongeféier 1,6 Millioune Stierffäll op knaschtegt Waasser, schlecht Sanéierung a schlëmm hygienesch Zoustänn zeréck, an a 90% vun de Fäll ware Kanner ënnert 5 Joer betraff.

E besseren Zougang zu propperem Waasser, zur Hygiène an zu santiären Ariichtungen ass wesentlech, fir déi Krankheeten ze reduzéieren, déi duerch d’Waasser iwwerdroe ginn a fir d’Gesondheet vun  engem groussen Deel vun der Weltbevölkerung ze verbesseren. Et ass och e wichtege Bäitrag zur wirtschaftlecher Entwécklung an der Bekämpfung vun der Aarmut.

De schlechten Zoustand vun der Infrastruktur an de Schoulen verhënnert e besseren Zougang zur Primärschoul. D’Aféierung vun der Gratuitéit vun der Primärschoul (EPF) am Joer 2003 a vum Secondaire am Joer 2007 huet mat sech bruecht, datt d’Zuel vun de Schüler/inne séier zougeholl huet, wat d‘Problemer beim Zougang zum Waasser an zu enger adequater Sanéierung nach weider verschlëmmert huet.

Am Kenia hun nëmmen een Drëttel vun de Schoule proppert Waasser an Toiletten, déi un d’Kanner ugepasst sinn. Obschonn déi meescht Schoule geschlechter-spezifesch getrennten Toiletten hunn, entspriechen se oft net dem Verhältnes vun de sanitären Norme fir d’Jongen oder d’Meedercher (dat recommandéiert Verhältnis vun den Toiletten ass 25:1 fir d’Meedercher an 30:1 fir d’Jongen). D’Krankheete breede sech séier aus an deene klengen, schlecht gelëfte Raim, wou et keng Méiglechkeet gëtt, fir sech d’Hänn ze wäschen, oder wou keng Seef ass an d’Toiletten an engem schlechten Zoustand sinn. Vill ze dacks sinn d’Schoulen déi Plazen, wou d’Kanner krank ginn.

D’Missioun / D’Aktivitéiten

Haaptzil : d’Verbesserung vun de Liewenskonditiounen, besonnesch am Beräich vun der Gesondheet an der Educatioun vun de Kanner an de viséierte Schoulen a Communautéite vum Homa Bay County

Spezifescht Zil : D’Rechter vun de Kanner op Gesondheet an Educatioun stäerken duerch e besseren Zougang zum proppere Waasser an zur Sanéierung an der Schoul an duerch d’Erzéiung zur Hygiène am Homa Bay County am Kenia

  • Opriichte vu solarbedriwwene Waasserpompelen, vu Waasser-Reservoiren a Verdeelungsplaze vu propperem Waasser
  • Installatioun vun Toiletten a Plazen, fir sech d’Hänn ze wäschen
  • Grënnung vu WASH-Comitéen, déi dofir suergen, datt d’Installatiounen nohalteg bedriwwe ginn. Verkaf vu Waasser duerch déi Comitéen, fir den Ënnerhalt vun de Reservoiren an den Toiletten z‘assuréieren a fir Hygiène-Produkter fir d’Schoulen ze kafen
  • Sensibiliséierung vun der Communautéit an de Kanner fir d’Hygiène an d’Gesondheet

D’Beneficiairen

Ongeféier 6 542 Persoune profitéieren direkt vum Projet:

  • D‘Kanner: Déi éischt direkt Beneficiaire vun dësem Projet sinn d’Kanner vun den zwou viséierte Schoulen, déi vun der Konstruktioun an der Renovéierung vun de sanitären Ariichtungen, awer och vun der Aféierung vu Formatiouns- a Sensibiliséierungs-Programme profitéieren. An der Primärschoul sinn 346 Kanner (157 Jongen an 189 Meedercher) tëscht 5 a 14 Joer scolariséiert, am Secondaire sinn et 170 Kanner (82 Jongen an 88 Meedercher) tëscht 15 a 19 Joer.
  • D’Communautéit: D’Elteren an d’Membere vun de Nopeschgemenge profitéiere vum proppere Waasser, dat vun de WASH-Comitéë verkaaft gëtt, a se ginn och direkt an d’Preventiouns- a Sensibiliséierungs-Aktivitéiten integréiert.
  • D’Eltere si scho mat an de Projet abezunn, well si goufe wärend der Programmatiounsphas zu Rot gezunn, fir Moyenen ze fannen, wéi een d’Kanner mat Waasser versuerge kéint. Och bei der Erneierung an der Renovatioun vun den Toilettë sollen d’Eltere mathëllefen, fir d‘Gesondheet an d‘Educatioun vun hire Kanner ze verbesseren. Mir schätzen, datt d’Zuel vun den Elteren an de Membere vun der Communautéit, déi vum Projet profitéieren, ongeféier bei 6000 Persoune läit.
  • Enseignanten an Employéë vun de Schoulen: D’Enseignanten an d’Aarbechter vun den zwou Schoule profitéieren och direkt vun den Aktivitéite vun dësem Projet. Si ginn déi Haaptresponsabel fir den Duerchbroch, deen  zu engem bessere Respekt vun de Kannerrechter an de Schoule féiere soll. An der Primärschoul schaffen 9 Enseignanten (3 Fraen a 6 Männer) an 13 am Secondaire (5 Fraen an 8 Männer). All Schoul huet och nach en Direkter an e Sous-Direkter. Ausserdeem kënne mir op d’Ënnerstëtzung vun enger weiderer Persoun am Primaire a vun 3 Persounen am Secondaire zielen. Dat sinn also zesumme 26 Enseignanten an Aarbechter, déi direkt vum Projet profitéiere wäerten.