Inklusiv Educatioun zu Ulan Bator
Zuel vun de Beneficiairen : 90 Kanner mat enger Behënnerung, 600 Enseignanten an 30 Schoulen
Dauer vum Projet : 2024/2025 – 2 Joer
Uert : D’Stad Ulaanbaatar, duerno Weiderverbreedung an 21 Provënze vum Land
Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère
Lokale Partner
D’Adina-Equal Opportunity ONG (Adina) ass eng onofhängeg, net-reliéis an apolitesch Organisatioun, déi sech fir de Schutz vun de Rechter vu Leit mat Behënnerungen asetzt. Si gouf den 1. Abrëll 2022 gegrënnt an de 26. Juni 2023 offiziell als ONG registréiert. Hir Missioun besteet dran, d’Chancëgläichheet vu Leit mat enger Behënnerung ze verdeedegen. Sou erlaabt d’Adina de Persoune mat enger Behënnerung hir Rechter op Educatioun, op Aarbecht an op eng gläichberechtegt Participatioun an der Gesellschaft auszeüben. D’Visioun vun der Adina ass, d’Persoune mat Behënnerunge méi selbststänneg ze maache fir eng méi inklusiv Gesellschaft.
Kontext
An der Mongolei hunn nëmmen 19 % vun de Persoune mat Behënnerung eng Beschäftegung an 20 % sinn ouni Ausbildung. D’Barrièrë fir d’Educatioun bestinn haaptsächlech am limitéierte physeschen Zougang zu de Schoulen, an den ongenügende pedagogesche Kompetenze vun den Enseignanten, am vereelzte Léierplang an an der negativer Astellung vis-à-vis vu Kanner mat Behënnerungen. D’Etüde si sech alleguer eens iwwer d’Prioritéit vun der Formatioun vun den Enseignanten a punkto inklusiv Educatioun. Allerdéngs ass déi mongolesch Bevëlkerung ganz wäit verspreet an d’Enseignantë vun den entleeëne Gebidder si schwéier z’erreechen.
D’Missioun
Dëse Projet soll de Problem vun der raimlecher Dispersioun vun de mongoleschen Enseignanten duerch d’Grënnung vun enger online Plattform léisen, déi allen Enseignanten am Land eng Ausbildung an der inklusiver Educatioun erméiglecht.
Aktivitéiten
-Déi aktuell Situatioun an d’Besoinen identifizéieren, déi vun dëser Plattform erfëllt solle ginn..
-D’Spezialisten aus den Educatiounsdepartementer vun der Regierung forméieren, fir hir Kapazitéiten ze verbesseren.
-Eng Plattform ariichte fir d’Enseignanten, déi mat Kanner mat Behënnerunge schaffen (9 ausgewielte Behënnerungen).
-9 Theeme fir jidder Handicap zesummestellen an e Video zu all Sujet ophuelen.
-D’Plattform an 30 Pilotschoulen testen a se duerno am ganze Land diffuséieren.
Beneficiairen
600 Enseignanten, 90 Kanner mat Behënnerungen, 30 Pilotschoulen, 32 Educatiounsspezialiste vun de Regierungsagencen.