Bau vun engem Pensionat an Educatioun fir verletzlesch jonk Meedercher (Dalit) am Keru, Rajasthan

Projet am Oktober 2015 ofgeschloss | Unzuel vu Beneficiairen: 75 jonk Frae pro Joer

Interventioun: a Keru, Rajasthan

Projet gouf vum Ministère des Affaires Étrangères et Européennes finanzeiert

logolux

Lokale Partenaire: His Highness Maharaja Hanwant Singhji Charitable Trust

Problemer op der Plaatz :DSCF1018

  • An Indien, leide méi wéi t’Halschent vu de Meedercher, am Alter vu 15 an 19 Joer un Anemie. 47% vu de jonke Meedercher sinn ënnergewiichteg.
  • Des Situatioun ass besonnesch fiert jonk Meedercher (am Alter vu 15 a 19 Joer) aus de ländleche Géigenden dramatesch, vue dat an dëse Géigende 56% bestuet sinn (23% am urbane Raum fir de Verglach). Mortalitéitsrisiko wéirend enger Schwangerschaft ass fir déi Meedercher besonnesch héich
  • Am patriarchaleschem Rajasthan si Frae finanziell vu hire Männer ofhängeg
  • Eng Schoulausbildung ass net fir jidderee méiglech, net nëmme well di Meedercher net dierfen, mä och wëll vill Frae weit vun de Schoul wunnen an sech de laangen Trajet net leeschte kënnen

Beneficiairen

75 jonk Meedercher am Alter vu 12 an 19 Joer, déi am ländleche Gebitt oder an der Wüst wunnen. Déi Meedercher sollen an t’Schoul an der Staat Keru goe kennen, oder eng  Beruffsausbildung am Produktiounszenter ausüben kennen.

Aktivitéiten

Am Projet ass virgesinn :

  • Bau vu engem Meedercherspensionat, de pro Joer 75 jonk Fraen ophuele kann
  • Equipement vum Pensionat, fir eng erfollegräich Schoulausbildung sécher ze stellen
  • Sensibiliséierungsaktioune fir den Elteren d’ Wichtegkeet vun enger Educatioun nozebréngen
  • Aschreiwung vu de jonke Fraen an der Schoul am Duerf, fir dat se mat hirer Schoulausbildung nom Openhalt am Pensionat weiderfueren