D’ Fërderung vun der Musekstherapie an d’Integratioun vu Protokoller an der Fleeg vun eelere Leit di un Alzheimer-Demenz leiden

Status: fäerdeg gestallt | Zuel vu Beneficiairen : 30 Leit mat Alzheimer

Lafzäit vum Projet: 2017/2018, 12 Méint

Wou? : An den Altersheemer (EHPAD) vu Bourgogne-Franche-Comté


Lokal Partner

D’SFM (franséisch Societéit fir Musekstherapie), gëtt et zanter dem 26. Juli 2012 an organiséiert Seminairen a wëssenschaftlech Fuerschungsprojeten. Si fërdert den Austausch vu klineschen a wëssenschaftleche Collègen a setzt des mat den Autoritéiten aus dem Gesondheetssecteur a Kontakt.

D’Ziler vu SFM:

  • d’Unerkennung an d’Reguléierung vum Beruff vum Musekstherapeut als Beruff am Gesondheetssecteur.
  • D’Evaluatioun vun Etüden iwwert d’klinesch an therapeutesch Effekter vu Musek op d’Mënschen.
  • Entwécklung vun Kontroll an Evaluatiounsmethode fir d’Praxis vu Musekstherapeuten ze verbesseren.
  • Um medezineschen Terrain d’Ulafstell fir Formatioune fir Musekstherapie etabléiere.

D’SFM soll en Zentrum fir Reflexiounen, Fuerschung an Expertise am Beräich vu Musek- / oder psycho-musikalesch Therapie ginn, an sech un der nationaler an internationaler Fuerschung bedeelegen an Orientéierung bidden:

  • iwwert d’Entwécklung vun Technike fir op spezifesch Bedürfnisser anzegoen déi mat Kommunikatiounsproblemer vum Patient zesummenhänken.
  • Ressourcen an eng Ënnerstëtzung bidde fir d’Projeten an Etüden a Frankräich.
  • Un klineschen a wëssenschaftlech Studien deelhuele mat Universitéiten, klineschen Felder a verschidde Fuerschungslaboratoiren zesummeschaffen.
  • D’Qualifikatiounen an d’Kompetenze vu Musekstherapeute bei den Autoritéiten aus dem Gesondheetssecteur unerkenne loossen.

De Problem

No aktuellen Etüden erlaabt den Traitement fir d’ Alzheimer Krankheet den Ament keng medikamentéis Behandlung, déi d’Degeneratioun vun den Neurone stoppe kéinten. Déi aktuell Behandlungsmethode kennen den Degeneratiounsprozess héchstens manner séier maachen.
Dofir ass et néideg eng alternativ Approche ze entwéckelen, déi net medikametös ass an d’Liewensqualitéit vun de betraffene Persoune verbessert.
D’Zil vu dësem Projet ass Degeneratioun vun de Leit esou gutt wéi méiglech opzehalen an di kognitiv Fäegkeeten a Kommunikatiounsfäegkeete vun de Leit esou laang wéi méiglech ze erhalen. Musekstherapie ass eng vun den innovatiivsten Approchë fir dëst ze erreechen.

Ziler

Global d’Zil : No enger Evaluatioun e sou vill wéi méiglech Persounen déi un Alzheimer oder ähnleche Krankheete leide mat der alternativer Method vun der Musekstherapie hëllefen -ouni Medikamenter- an d’Ëffentlechkeet wéi och de Gesondheetssecteur vun der Wierksamkeet vun der Musekstherapie iwwerzeegen.

Konkret : D’Musekstherapeutech Prise en Charge vun 30 Persoune mat Alzheimer an ähnleche Krankheete sécherstellen, dat an 3 Altersheemer vun Bourgogne-Franche-Comté. Evaluation vun de Methode vun der Musekstherapie, fir eng ëffentlech a medezinesch Unerkennung ze erreechen.

Aktivitéiten

  • Rekrutéieren an Ausbilde vu Musekstherapeuten
  • D’Organiséiere vun der Prise en Charge vun den Alzheimer Patiente wéi och en uschléissende Bilan
  • Wëssenschaftlech Entwécklung vun de Protokoller /Methode fir d’Musekstherapeutech Behandlung, Entwécklung vun enger Internetsäit als Referenz/ Plattform a fir d’Verbreedung vun de Protokoller
  • Sensibilisatioun vun der Ëffentlechkeet, de Professionellen aus dem Gesondheetssecteur, fir op d’Effikassitéit vun er Musekstherapie opmierksam ze maachen

Beneficiaire

30 Persounen déi ënner Alzheimer oder ähnleche Krankheete leiden, déi Musektherapeutech behandelt ginn