Ënnerstëtzung fir d’Kanner mat Behënnerungen zu Nuwara Elya

Zuel vun de Beneficiairen : 220 behënnert Kanner a jonk Leit, 100 jonk Mammen, 2 Educatiounszentren a 4 Primärschoulen

Dauer vum Projet : 2024/2027 – 4 Joer

Uert : D’Quartieren Nuwara Eliya a Batticaloa

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

D’MENCAFEP gouf 1988 gegrënnt, fir d’Kanner mat Behënnerungen an hir Familljen am Sri Lanka z’ënnerstëtzen. D’Kanner mat Behënnerunge leiden ënnert den iwwerliwwerte Virstellungen am Zesummenhang mam Handicap an ënnert der Stigmatisatioun, déi domat verbonnen ass an droen en héije Risiko, fir verlooss ze ginn.  Dank der pedagogescher an therapeutescher Betreiung vun dëse Kanner souwéi der Sensibiliséierung vun de Familljen an der Bevëlkerung, hëlleft d’MENCAFEP hinnen dobäi, hir Plaz an der Gesellschaft erëmzekréien. D’Associatioun verfüügt iwwer zwee speziell Zentre fir Ausbildung an Therapie am Sri Lanka souwéi iwwer verschidden Unitéiten an de manner zougängleche Gebidder.

Kontext

Obschonn de Sri Lanka d’Konventioun vun de Vereenten Natioune vun 2007 iwwer d’Rechter vun de Persoune mat Behënnerungen ënnerschriwwen huet, bleiwen déi Leit stigmatiséiert an diskriminéiert. Wéinst dem staarken Awerglaf gëtt d’Behënnerung als Strof oder als Prophezeiung vun Ongléck ugesinn. Kanner mat enger Behënnerung hu méi en niddregen Educatiounsniveau wéinst verschiddenen Hindernisser (Kompetenze vum Léierpersonal, Infrastrukturen, Accessibilitéit asw.). Därzäit bedreift d’MENCAFEP 2 inklusiv Educatiounszentren an den Distrikter Nuwara Elyia a Batticaloa.

D’Missioun

Dëse Projet soll eng inklusiv a qualitativ héichwäerteg Educatioun fërderen, fir d’Kanner an déi jonk Leit mat enger Behënnerung aus der Isolatioun erauszehuelen.

Aktivitéiten

  • D’Educatiounsservicer an den Zentre vun der MENCAFEP fir Kanner a jonk Leit mat Behënnerunge verbesseren (Transport, Rehabilitatioun, Ausbildung an Aktivitéiten, déi de jonke Leit en Akommes garantéieren).
  • 4 Primärschoule mat Material a sanitären Ariichtungen ekipéieren, déi fir Leit mat enger Behënnerung adaptéiert sinn.
  • Dat edukatiivt Personal vu 4 Primärschoulen an den Zentren ënnerstëtzen an technesch betreien, wat d’Inklusioun betrëfft (Grënne vun integréierte Klassen).
  • D’Gemeinschaft fir d’Inclusioun vu Leit mat Behënnerungen, fir d’Gläichheet vun de Geschlechter a fir de Schutz géint geschlechterbaséiert Gewalt mobiliséieren.

Beneficiairen

220 behënnert Kanner a jonk Leit, 100 jonk Fraen a Gefor a Mamme vu behënnerte Kanner, 2 Educatiounszentre vun der MENCAFEP a 4 Primärschoulen