D’Jongen, d’Meedercher, déi jonk Leit an hir Famillje sinn « Change Agents » fir d’Adaptatioun un de Klimawandel
Zuel vun de Beneficiairen : 709 Kanner a 750 aner Persounen
Dauer vum Projet : 2024/2028 – 5 Joer
Uert : Gemeng Poroma, Provënz Oropeza, Bolivien
Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère
Lokale Partner
SUMAJ PUNCHAY ass eng Net-Regierungsorganisatioun ouni But lucratif, déi an der Haaptsaach an de marginaliséierten an entleeëne Regioune vu Bolivien aktiv ass. Si ass am Joer 2001 gegrënnt ginn, wéinst der grousser Aarmut an de ländleche Regioune vu Bolivien. „Sumaj Punchay“ ass e Begrëff, deen an der indigeener Sprooch Quechua souvill bedeit wéi „ënnerwee a besser Zäiten“. D’Zil vun der ONG besteet doran, deenen zukünftege Generatioune besser Konditiounen ze schafen a punkto sozial Gerechtegkeet, Educatioun, Gesondheet, Respekt vun der Ëmwelt, Biodiversitéit, Autodeterminatioun a Gläichheet tëschent de Geschlechter. Dobäi sollen d’Mënscherechter a virun allem d‘Rechter vun den einheimesche Vëlker respektéiert ginn.
Kontext
D’Gemeng Poroma huet den zweethéichsten Taux vun Aarmut am Departement Chuquisaca, wat sech net mam Klimawandel arrangéiert. Trotzdeem huet dës Regioun eng Parti Virdeeler : en niddrege Migratiounstaux an eng grouss Zuel vu Kanner/jonke Leit. D’Ëmsetzung vun engem vis-à-vis vun der Klimakris resistente Produktiounsmodell, deen d’Populatioun direkt implizéiert, erlaabt eng nohalteg Gestioun vun den natierleche Ressourcen. Dat vermëttelt Wëssen hëlleft den Awunner, hire produktiven Ertrag an hir Liewenskonditiounen ze verbesseren.
D’Missioun
Dëse Projet wäert et erlaben, ee vis-à-vis vun der Klimakris resistente Modell fir d’Populatioun vu Poroma z’entwéckelen.
Aktivitéiten
-Campagne mat Kanner a jonke Leit, fir d’Bëscher nei unzeplanzen an d’Flëss ze botzen.
-Coursë fir d’Schüler iwwer d’Biolandwirtschaft an d’Klima- a Liewensmëttelgerechtegkeet organiséieren.
-Bewässerungssystemer bauen oder flécken.
-Ausbildung vun de Produzenten an de Beräicher Reforestatioun, Bewässerungsaarten an ekologesch Produktioun.
-Zertifiéiert ekologesch Kulturen uleeën.
-En assoziative Marketingmodell opbauen.
Beneficiairen
750 Persounen aus 6 Gemengen vu Poroma (150 Familljen) a 709 Kanner/jonk Leit aus 6 Schoulen.