Ënnerstëtzung fir d’Realisatioun vun enger Empfangsstruktur fir d‘Stroossekanner zu Dagué, Kanton Kpessi, am Togo

Stand vum Projet : Am Gaang, finanzéiert ze ginn | Zuel vu Beneficiairen : 30 Kanner an 33 Erwuessener

Dauer vum Projet : 12 Méint

Uert : Dagué, Kanton Kpessi, Maritime Regioun, Togo

Lokale Partner

ATLP: Togolesesch Associatioun fir de Kampf géint Malaria

Zënter 2007 huet d’ATLP sech engagéiert, fir d‘Liewensbedingunge vun den togolesesche Populatiounen ze verbesseren. Si ënnerstëtzt dobäi déi ënnerprivilegiéiert Populatiounen,  fir eegestänneg ze ginn an hir Zukunft ofzesécheren.

En éischte Sensibiliséierungsprojet géint Malaria gouf am Joer 2007 gegrënnt. Dëse Projet gouf deelweis vum Togolesesche Staat finanzéiert an hat als Zil, d’Populatioun vun Adakpamé iwwer d’Ursaachen an d’Konsequenze vun der Malaria z’informéieren.

D’Associatioun huet dunn no an no e puer aner Sensibiliséierungscampagnë géint Malaria duerchgeféiert an duerno d’Themen vun hire Projete diversifizéiert (Fleeg, Gesondheet, Hygiène, Erzéiung, Alphabetiséierung, Iessen, Ernärung, asw.).

Si setzt sech och dofir an, datt d‘Kannerrechter vu Klengem u respektéiert ginn.

Kontext

De Problem vun de Stroossekanner gouf am Joer 2018 identifizéiert, no engem Hëllefsruff vum Gestiounscomité vum Duerf Kpessi a sengen Awunner. Déi Togolesesch Regierung hat geplangt, d’Zuel vun den Empfangsstrukture fir déi ganz kleng Kanner bis zu dësem Joer em 20 % z’erhéijen. An hiren Entwécklungspläng hat d’Regierung och d’Ausbildung vu Fachpersonal fir d’Betreiung vun de klenge Kanner virgesinn. Allerdéngs ginn nach ganz wéineg vun deene Klengste betreit. Vill Kanner briechen d’Schoul of, liewen ënnert onhygienesche Konditiounen, si sexueller Gewalt ausgesat a gi krank duerch schlecht sanitär Gewunnechten an Ënnerernierung.

Den Erfarunge vun der ATLP um Terrain zënter 2007 no, leien d’Haaptursaache vum Phänomen Stroossekanner an den zesummegesate Familljen, dem neie Bestietnes oder dem Doud vun engem vun den Elteren (oder och béiden), awer och an der extremer Aarmut. Et sinn effektiv dës Ursaachen (Konflikter an / oder Gewalt), déi d’Kanner dozou dreiwen, d‘Familljenhaus ze verloossen an op der Strooss ze liewen.

D’Missioun

Dat allgemengt Zil vum Projet ass, d’Liewenskonditioune vun de benodeelegte Kanner vu Kpessi am Togo ze verbesseren.

Dat spezifescht Zil ass, d’sozial Situatioun vun 30 Stroossekanner zu Kpessi ze verbesseren duerch:

  • D’Grënnung vun enger Empfangsstruktur fir Dag an Nuecht
  • D‘Verbesserung vun hirer familiärer Situatioun
  • Hir sozial a pedagogesch (nei) Integratioun.

D‘Aktivitéiten

  • Grënnung vun enger funktioneller Empfangsstruktur: Ariichte vum Etablissement, Rekrutéierung an Ausbildung vum Personal, Ëmsetzung vun enger Nohaltegkeetsstrategie
  • Verbesserung vun der familiärer Situatioun vun 30 Kanner: ernierungsphysiologeschen, medezineschen a psychologesche Suivi vun de Kanner, Erhéijung vum Akommes vun hiren Elteren / Erzéiungsberechtegten duerch d’Entwécklung vun IGA (Aktivitéiten, déi en Akommes erméiglechen), Familljemediatioun, sozial a gesondheetlech Sensibiliséierung
  • Verbesserung vun der Erzéiungssituatioun vun 30 Kanner: déi 30 Kanner komme vun der Strooss erof a kréien Zougang zu enger Schoul- oder Beruffsausbildung souwéi sozio-edukativen a kulturellen Aktivitéiten
  • Plaidoyeren

D’Beneficiairen:

63 direkt Beneficiairen:

  • 30 extrem benodeelegt Kanner, déi am Zenter empfaang a suivéiert ginn
  • D’Elteren / Erzéiungsberechtegt  vun de Kanner, also ongeféier 30 Erwuessener
  • D‘Personal vum Zenter: 3 Memberen.

200 indirekt Beneficiairen:

Dëst ass de Familljekrees vun den direkte Beneficiairen.