Noutprogramm fir den Affer vun den Iwwerschwemmunge vum Mee 2017 am Sri Lanka ze hëllefen

Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 4400 Persounen an 150 Kanner

Lafzäit vum Projet : 2017/2018, 6 Méint

Wou? : Distrikt vu Matara a vu Galle, am Süde vu Sri Lanka

Mat der Ënnerstëtzung vum Ausseministère, Kooperatiounsministère an der Fondation Abbé Pierre.

Lokale Partner

Life for all Fondatioun (LFA) ass eng a.s.b.l a Sri Lanka déi zanter Jore ganzheetlech Projeten op d’Been stellt fir vulnerabel Populatiounen ze ënnerstëtzen, dat an de Beräicher Educatioun a sozio-ekonomesch Entwécklung.

 De Problem

D’Iwwerschwemmungen an d’Äerdrutscher am Süd Osten vu Sri Lanka de 25. Mee, huet 576 000 Persounen a 15 Distrikter betraff.  194 Leit sinn em d’Liewe komm, 99 Persoune ginn ëmmer nach vermësst 83 200 Persounen hunn missten hiert Doheem verloossen.
Ongeféier 1 400 Haiser goufen zerstéiert a 7070 beschiedegt.
Zanter Jore kennt et am Sri Lanka reegelméisseg zu Iwwerschwemmungen an der Monsoonzäit. Vill Leit liewen ëmmer nach a provisoresche Camps, fir des hunn d’Iwwerschwemmunge vun 2017 en zousätzleche Risk duergestallt.

Ziler

Allgemengt Zil: Grondbedierfnisser vun den Afferen vun den Iwwerschwemmungen am Mee 2017 gerecht ginn.
Spezifescht Zil: D’Famillen zu Baddegama an Malimbada ennerstetzen dat an den Distrikter vu Galle et de Matara, des goufen am staerkste betraff.

Aktivitéiten

  • Ausdeele vu Moustiquenetzer, Kits Hygiéniques (Dicher, Bettgezeih etc …) Schoulmaterial fir d’Kanner
  • Opklärungs- an Identifikatiounsaarbecht iwwert Infektiounskrankheeten déi no den Iwwerschwemmunge kennen optrieden
  • Kliniken opbauen
  • Toiletten disponibel maachen
  • Zougang zu Drénkwaasser méiglech maachen

Beneficiaire

-600 (150 Famillen) déi vun Haushaltswuere profitéiere  kennen
-300 Persounen déi duerch d’Botze vun hirem Pëtz proppert Drénkwaasser hunn (75 Famillen).
-500 Persoune profitéiere vun de Reperature vun de Wasssersystemer
-150 Kanner profitéiere vun hirem Schoulmaterial
-Ca.  3 000 Persoune kenne vun den 10 Klinike profitéieren