Noutprogramm fir den Affer vun den Iwwerschwemmunge vum Mee 2017 am Sri Lanka ze hëllefen
Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 4400 Persounen an 150 Kanner
Lafzäit vum Projet : 2017/2018, 6 Méint
Wou? : Distrikt vu Matara a vu Galle, am Süde vu Sri Lanka
Mat der Ënnerstëtzung vum Ausseministère, Kooperatiounsministère an der Fondation Abbé Pierre.
Lokale Partner
Life for all Fondatioun (LFA) ass eng a.s.b.l a Sri Lanka déi zanter Jore ganzheetlech Projeten op d’Been stellt fir vulnerabel Populatiounen ze ënnerstëtzen, dat an de Beräicher Educatioun a sozio-ekonomesch Entwécklung.
De Problem
D’Iwwerschwemmungen an d’Äerdrutscher am Süd Osten vu Sri Lanka de 25. Mee, huet 576 000 Persounen a 15 Distrikter betraff. 194 Leit sinn em d’Liewe komm, 99 Persoune ginn ëmmer nach vermësst 83 200 Persounen hunn missten hiert Doheem verloossen.
Ongeféier 1 400 Haiser goufen zerstéiert a 7070 beschiedegt.
Zanter Jore kennt et am Sri Lanka reegelméisseg zu Iwwerschwemmungen an der Monsoonzäit. Vill Leit liewen ëmmer nach a provisoresche Camps, fir des hunn d’Iwwerschwemmunge vun 2017 en zousätzleche Risk duergestallt.
Ziler
Allgemengt Zil: Grondbedierfnisser vun den Afferen vun den Iwwerschwemmungen am Mee 2017 gerecht ginn.
Spezifescht Zil: D’Famillen zu Baddegama an Malimbada ennerstetzen dat an den Distrikter vu Galle et de Matara, des goufen am staerkste betraff.
Aktivitéiten
- Ausdeele vu Moustiquenetzer, Kits Hygiéniques (Dicher, Bettgezeih etc …) Schoulmaterial fir d’Kanner
- Opklärungs- an Identifikatiounsaarbecht iwwert Infektiounskrankheeten déi no den Iwwerschwemmunge kennen optrieden
- Kliniken opbauen
- Toiletten disponibel maachen
- Zougang zu Drénkwaasser méiglech maachen
Beneficiaire
-600 (150 Famillen) déi vun Haushaltswuere profitéiere kennen
-300 Persounen déi duerch d’Botze vun hirem Pëtz proppert Drénkwaasser hunn (75 Famillen).
-500 Persoune profitéiere vun de Reperature vun de Wasssersystemer
-150 Kanner profitéiere vun hirem Schoulmaterial
-Ca. 3 000 Persoune kenne vun den 10 Klinike profitéieren