Verbesserung vun der Resilienz vun de ländleche Communautéiten an der Mongolei vis-à-vis vum Klimawandel duerch eng besser Isolatioun vun de Wunnengen an eng nohalteg a lokal Bauweis

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 14 850 Persounen

Dauer vum Projet : 5 Joer

Uert : Duerf vu Khishig-Undor an aner Dierfer aus der Provënz vu Bulgan, Mongolei

Lokale Partner

D’Associatioun Ecosoum ass 2018 gegrënnt ginn an huet sech direkt an hiren éischte Projet lancéiert, bei deem et em eng besser Gestioun vum Haushaltsoffall gaangen ass.

Säitdeem ass d’Ecosoum dobäi, eng Rei aner Projeten z’entwéckelen:

  • e landwirtschaftleche Projet fir d’Ënnerstëtzung an d’Entwécklung vun der lokaler biologescher Landwirtschaft
  • en anere Projet fir déi handwierklech Produktioun vu lokale Produiten a Servicer, déi der Bevëlkerung vum Soum nëtzlech sinn, ze verbesseren

Dës Projete ginn all an enger Perspektiv vun enger besserer lokaler Resilienz duerchgeféiert, besonnesch a Bezuch op de Klimawandel.

Fir hir Projeten ëmzesetzen, huet d‘Associatioun Ecosoum eng besonnesch Legitimatioun, well si nëmmen aus Awunner vun deenen Dierfer besteet, wou déi Projeten duerchgeféiert ginn, an op déi Manéier formell vun de lokalen Autoritéiten unerkannt ass. D’Associatioun Ecosoum, déi hire Sëtz zu Ulan Bator huet, zielt iwwregens ënnert hire Membere vill Benevolen, déi Experten  an deene Gebidder sinn, déi mat den Erausfuerderunge vum Klimawandel ze dinn hunn (en Architekt, deen op déi energeetesch Effizienz spezialiséiert ass, Ingenieuren an den Domäne vu Waasser an Ëmwelt, asw.).

Ausserdeem handelt es sech dobäi em e Projet, deen koherent ass mat dem Mandat an deenen anere Projete vun der Associatioun (Gestioun vum Offall, nohalteg Landwirtschaft a Véizuucht, asw.), déi alleguer den Ëmweltschutz an de Kampf géint de Klimawandel als Zil hunn.

Kontext

Déi duerchschnëttlech Bevëlkerungsdicht an der Mongolei ass déi niddregst op der Welt, mat knapps méi wéi 2 Awunner / km². Ausserdeem liewen iwwer 50 % vun der Bevëlkerung an de Stied (virun allem an der Haaptstad Ulan Bator), dat bedeit, datt déi duerchschnëttlech Densitéit an de ländleche Gebidder a Wierklechkeet nëmme bei ongeféier 1 Awunner / km² läit. Déi grouss Problemer, déi an de leschte Joren an de ländleche Regiounen am Zesummenhang mam Klimawandel entstane sinn, an déi „Dzuds“ genannt ginn (extrem Dréchenten a grouss Keelt) hu vill Véiziichter an d’Stied verdriwwen. Säit den 2000er Jore sinn op d’mannst 15 % vun der mongolescher Bevëlkerung an d’Haaptstad an d‘Ëmgéigend gewandert, wou d’Liewenskonditioune wirtschaftlech a sozial schwiereg sinn (Problem vun dezentem Wunnraum, eng prekär wirtschaftlech Situatioun, familiär Problemer, déi sech widderhuelen…). Haut lieft just nach een Drëttel vun de Mongolen als Nomaden a Véiziichter, géint 80 % am Joer 1980. Sou ass d’Resilienz vun de lokale Communautéite vis-à-vis vum Klimawandel déi gréissten Erausfuerderung fir d‘Entwécklung vum Land.

D’Missioun

Allgemengt Zil : D’Resilienz vun de ländleche mongolesche Communautéite verbesseren duerch méi e spuersame Verbrauch vun de lokale Ressourcen an duerch d’Verwäertung vum Offall.

Spezifescht Zil: D’Resilienz vun de ländleche Communautéiten an der Mongolei duerch eng besser Isolatioun vun de Wunnengen an eng nohalteg a lokal Bauweis verbesseren.

D’Aktivitéiten

  • Entwécklung an Opbau vun enger Pilotanlag fir d’Produktioun vun Zillen aus kompriméiertem Buedem (BTC) zu Khishig-Undur, Ausbildung vun Ekippe vu Bauaarbechter, Produktioun vu BTC
  • Design an Opbau vu Prototyppe vu Gebaier (Wunnhaiser, Wirtschaftsgebaier, Ënnerstänn fir d’Véi) zu Khishig-Undur, Reproduktioun vun de Modellhäiser
  • D‘Resilienz vun de Populatioune vis-à-vis vum Klimawandel verbesseren : Sensibiliséierung, Ausbildungen an de Beräicher vun der Bautechnik mat Buedem an der Isolatioun vun de Gebaier
  • Kapitalisatioun, Plädoyer a Weiderverbreedung vun den Aktivitéiten an der Provënz an am Land

D’Beneficiairen

De Projet concernéiert indirekt 12 000 Persounen, d’Bevëlkerung vu 4 Dierfer, a méi direkt :

  • 2 000 Awunner, déi d’Gebaier notzen, déi als Prototyp gebaut goufen
  • 480 Persounen, déi vun enger isoléierter Wunneng profitéieren
  • 320 Persounen, déi vun den ekonomeschen Auswierkunge vum Projet profitéieren
  • 50 Nomaden, déi en Ënnerstand fir hiert Véi kritt hunn