Verbesserung vun der Betreiung vun handicapéierte Leit an 3 Provënzen an 12 Bezierker zu Ulaanbaatar

Ofschloss vum Projet am Februar 2014 | Unzuel vu Beneficiairen: 620 persounen

Interventioun: 12 Bezierker an Ulaanbaatar, an 3 ländlech Provënzen an och am National Rehabilitation Center for the Disabled

Dëse Projet gouf vun der « Direction de la Coopération Internationale monégasque » finanzéiert

Lokale Partneraire: Progress – Association of Rehabilitation Medicine (Progress-ARM)

Problemer op der Plaatz:

  • 4,3% vun der mongolescher Bevëlkerung huet eng Behënnerung. Em di 200.000 Mënsche brauchen eng Prothees oder eng Orthees fir méi oder wéineger een normaalt Liewe féieren ze kennen.
  • Mongolesch Sozialversécherung ass net fir individuell Bedürfnisser ugepasst
  • Mongolei huet an 2008 UN-Konventioun fir Fuerderung vu Mënscherechter fir Mënsche mat Behënnerung ratifizéiert. Domat besteet eng staatlech Responsabilitéit fir t’Unerkennung, Fuerderung a Sécherstellung vu Rechter fir Mënsche mat enger Behënnerung. Trotzdem hunn Mënsche mat enger Behënnerung an der Mongolei weiderhin e limitéierten Zougang zu medizinesch Versuergung, zu enger Schoulausbildung an zu der Aarbechtswelt

BeneficiairenMobile team (6)

  • 60 Jugendlecher mat Behënnerung déi fir 3 Joer an engem Summer Camp deel huele kennen
  • 120 Jugendlecher déi a kulturellen a sportlech Aktivitéiten deel huele kennen
  • Formatioun fir 300 Dokteren, Fräiwëlleger a Familljememberen
  • 140 Mënsche mat enger Behënnerung kréien eng Prothees oder eng Orthees jee nodeems wat si brauchen
  • 1560  Visitten Doheem bannen 3 Joer

Aktivitéiten:

Am Projet ass virgesinn:

  • eng mobil Ënnerstëtzung (Berodung, Versuergung a Formatioun)
  • Fabrikatioun vu 600 Protheesen an Orthesen
  • Informatiouns- a Sensibiliséirungscampagnen
  • an 12 Bezierker zu Ulaanbaatar konnten, duerch fräiwëlleg Fleegepersonal, Visitten doheem organiséiert ginn. (Versuergung, Medikamenten..)
  • Equipment vum National Rehabilitation Center for the Disabled
  • Organisatioun vum Summer Camp, wou 60 Jugendlecher mat enger Behënnerung deelhuele kennen an Organisatioun vu kulturellen a sportlechen Aktivitéite wou 120 Jugendlecher mat enger Behënnerung matmaache kennen