Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun 42 Blannen handicapéierte Leit

Status : Ofgeschloss | Zuel u Beneficiairen : 42 Blannen handicapéierte Leit

Lafzäit : 2018/2019, 18 Méint

Wou? : Oulan-Bator, Mongolei

 

Lokale Partner

MNFB ass eng mongolesch ONG mam Ziil sech fir d’Rechter vu blanne Leit anzesetzen, sou dass se um Liewen an der Gesellschaft deelhuele kenne wéi all anere Mënsch och. D’Federatioun ass 1978 op Initiativ vu Blanne gegrënnt ginn an huet e Reseau vun 23 weidere Setzer iwwert d’Land ausgebaut fir Blannen eng Ausbildung, Beruffsméiglechkeete Kultur a Sport accessibel ze maachen. 9000 Blanner sinn deel vun dëser Associatioun.

De Problem

Ënnert den  108 000 Leit mat Handicap si 16 600 Blann oder hu soss staark visuell Aschränkungen. 30% vun hinne liewen zu Oulan-Bator a 70% verdeelen sech op 21 mongolesch Provënzen.
Vill blann Leit sinn isoléiert, ausgeschloss an ouni Beruff. Si hunn keen Zougrëff op eng Ausbildung, adaptéiert Hëllef oder de Schutz vun hire Rechter.  Hautzedaags gi blann Leit an der Mongolei als onselbstänneg ugesinn, mat engem Handicap deen se invalid mëscht.

Ziler

Global: D’Liewens- a Wunnkonditioune vun de benodeelegte Persoune verbesseren
Konkret: Wunnkonditioune vun 42 Blannen handicapéierte Leit zu Oulan-Bator verbesseren

Aktivitéiten

Méi Komfort a méi Autonome fir 42 blann Leit an hir Famillen déi sech eng Wunneng deelen, Bau vu Buedzëmmeren an Kichen a

Beneficiaire

-42 blann Leit an hir Famillen
– Indirekt: All Persoun mat Handicap am concernéierten Distrikt duerch eng eventuell Finanzéierung vun de lokalen Autoritéiten