Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun 10 kierperlech handicapéierte Leit

Status : Ofgeschloss | Zuel u Beneficiairen : 10 kierperlech handicapéierte Leit

Lafzäit : 2018/2019, 18 Méint

Wou? : : Oulan-Bator, Mongolei

Lokale Partner

HLO ass eng mongolesch Associatioun déi Leit duerch e Prozess vu psychologescher Resistenz féiert. Suvd, d’ Fondatrice vun der ONG ass selwer Dokter a leed Konferenzen op der Universitéit. Ufangs just fir hir Studente geduecht huet d’Suvd decidéiert eng Formatioun am Kader vun hirer ONG (2016 gegrënnt) unzebidden an se fir déi benodeelegt Bevëlkerungsdeeler disponibel ze maachen, fir dass des hir perséinlech Fäegkeeten an hirt d’Potential ausbaue kennen, zu de Beneficiaire gehéiere Blanner a Persoune mat Handicap.

De Problem

Zuelen aus dem Joer 2010 no, liewen an der Mongolei 108 100 Persoune mat Handicap, dovu sinn 23 800 ënner 24 Joer al an a9 500 enner 15. 60% hunn en ugebuerenen Handicap, déi aner 40% kruten hiren Handicap no der Gebuert.
Den Undeel vu Leit déi an Aarmut liewe läit bei 42% an d’Liewen ass besonnesch schwéier fir Leit mat Handicap, déi an de sougenannte Yaourte Quartieren (Oulan-Bator) wunnen. Des Zonë si staark bewunnt, 25% vun der mongolescher Bevëlkerung liewen do. De Wunnraum ass kleng, Hygienesch Zoustänn fuerchtbar an d’Latrinë bestinn aus engem Lach um Buedem a 4 Holzplacken. Och d’Stroossen tëschent de bewunnten Zone sinn an engem schlechten Zoustand.

Ziler

Global: D’Liewens- a Wunnkonditioune vun de benodeelegte Persoune verbesseren
Konkret: Wunnkonditioune vun 10 kierperlech handicapéierte Leit zu Oulan-Bator verbesseren

Aktivitéiten

Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun 10 Persoune mat Handicap déi an de Yourten-Quartiere liewen, Verbesserung vun hirem Wunnraum, Hëllef a Saache kierperlech a mental Gesondheet

Beneficiaire

-10 Persounen am Rollstull an hir Famillen
– Indirekt: All Persoun mat Handicap am concernéierten Distrikt duerch eng eventuell Finanzéierung vun de lokalen Autoritéiten