Verbesserung vun de Liewenskonditioune vu Famillje mat visuell behënnerte Memberen, duerch e Fonds fir Mikrokrediter an ugepasste Formatiounen, zu Ulan Bator
Stand vum Projet : Am Gaang, realiséiert ze ginn | Zuel vun de Beneficiairen : Ongeféier 200 Persounen
Dauer vum Projet : 18 Méint
Uert : Ulan Bator, Mongolei
Lokale Partner
D‘MNFB (Mongolian National Federation of the Blind) ass eng mongolesch ONG déi als Zil huet, d’Rechter vun de blanne Leit an der Mongolei ze verteidegen a si ze encouragéieren, genee wéi all aner Bierger, un der Gesellschaft ze participéieren.
D’Federatioun gouf 1978 op Initiativ vun engem Grupp vu blanne Persoune gegrënnt. Se zielt haut 23 Filialen uechter d’Land, an hiert Netzwierk hëlleft de blanne Leit, eng Ausbildung, eng Beschäftegung, eng passend Betreiung an Zougang zu Kultur a Sport ze fannen. D’Associatioun huet 9.600 Membere mat enger visueller Behënnerung.
Kontext
An der Mongolei liewen 11.700 visuell behënnert Leit, vun deenen déi meescht net an der Lag sinn, hir Grondrechter, genee wéi déi aner Bierger, auszeüben. Si hu keng Méiglechkeet, um soziale Liewen deelzehuelen a keen Zougang zu enger Ausbildung, zu enger Aarbecht, zu Formatiounen, zu Rehabilitatiounsservicer, asw. An anere Wierder, déi meescht blann Leit si vun der Gesellschaft isoléiert. Vun deenen 1.200 visuell behënnerte Kanner an der Mongolei besichen zum Beispill nëmmen 125 eng Spezialschoul an eng Crèche zu Ulan Bator. De Rescht vun hinne si vum Schoulsystem ausgeschloss. Nëmme 4,5% vun de blanne Persounen am Aarbechtsalter sinn ugestallt a visuell behënnert Leit liewe vun enger Invalidepensioun vu just 170.000 MNT am Mount. Dat heescht, datt déi meescht blann Leit an Aarmut liewen. Zënter 2003 kritt d‘MNFB Ufroe vun blanne Leit, déi op der Strooss liewen an Hëllef sichen, fir eng Wunneng ze fannen.
D’Missioun
Allgemengt Zil: Dozou bäidroen, d’Liewenskonditiounen an den ënnerprivilegiéierte Quartiere vun Ulan Bator (Mongolei) ze verbesseren
Spezifescht Zil: D’Liewenskonditioune vu Familljen mat behënnerte Memberen duerch e Fonds fir Mikrokredit an ugepasste Formatioune verbesseren
Aktivitéiten
- Abezuelen an de Fonds fir Mikrokredit, deen d’Beschafe vu Wunnengen erméiglecht an deen no engem Rotatiounsprinzip funktionéiert
- Direkt Ënnerstëtzung fir d’Verbesserung vun de Liewenskonditiounen
- Ausbildung am Beräich Finanzmanagement
- Ugepasste Formatioun a Bezuch op Orientéierung a Mobilitéit
Beneficiairen
40 visuell behënnert Leit profitéiere vu Prêten iwwer d’Dauer vum Projet
160 Leit hu vun der Finanzformatioun profitéiert