Verbessere vun de Liewenskonditioune vun de benodeelegte Populatiounen duerch déi gemeinschaftlech Participatioun an dem ger Distrikt vu Sukhbaatar, Ulan Bator, Mongolei

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : Iwwer 150 Persounen

Dauer vum Projet : 18 Méint

Uert : Ulan Bator, Mongolei

Lokale Partner

D’HLO ass eng mongolesch Associatioun, déi d’Zil huet, d’Liewensqualitéit vun de Populatiounen ze verbesseren, andeem se léieren psychesch Widerstandsfähegkeet z’entwéckelen. Suvd, d’Grënnerin vun der Net-Regierungs-Organisatioun, ass Doktesch an Dozentin un der Universitéit. Am Ufank waren déi Formatioune fir hir Medezinstudente geduecht, awer d’Suvd huet dunn decidéiert, eng NRO ze grënnen, fir datt och déi benodeelegt Populatiounen hir eege physesch a psychesch Kapazitéiten entwéckelen a fir e gesond Ëmfeld ze schafen, dat sech gënschteg op déi perséinlech Entwécklung vun de betraffene Leit auswierkt.

Zënter 2016 ënnerstëtzt d‘NRO verschidde Zilgruppen, wéi zum Beispill blann Kanner oder handicapéiert Persounen.

Kontext

D‘HLO plangt Moossnamen en an den iwwerfëllten Distrikter vu Ger, deenen déi néideg Infrastrukture feelen. Am November 2018 huet d‘HLO vill Problemer an dem 16. Khoroo vum Distrikt vu Sukhbaatar festgestallt. Fir unzefänken ass den Zougang zum Waasser schlecht, ee Waasserkiosk versuergt eng 185 Familljen. Verschidde Famillje ginn un, datt si 500 Liter Waasser an der Woch brauchen, an dofir musse si all Dag zweemol  bei de Kiosk goen. An deem Distrikt feelt et och un zivillen Infrastrukturen : eng 1 000 Kanner fanne keng Plaz an der Spillschoul, an een eenzege Gesondheetszenter ass zoustänneg fir ongeféier 11 945 Awunner. Déi meeschte Familljen hu keng Toiletten an Duschen an hirer Wunneng. D’Haiser an d’Jurte si schlecht géint d’Keelt isoléiert an d’Awunner sinn ofhängeg vun der Kuel. Fir ze hëtze benotze méi wéi 85 % vun hinnen Iewen, déi mat Holz oder Kuel bedriwwe ginn. Well si tëscht 30 a 40 % vun hirem Akommes fir Brennmaterial ausginn, ass hir Energieversuergung net geséchert. D’Verbrenne vun Holz a Kuel verursaacht och eng Loftverschmotzung, déi weltwäit eng vun deenen héichsten ass. An den Distrikter vu Ger leien d’Konzentratioune vum PM2,5 am Wanter op 24 Stonne méi wéi 100mol iwwert de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) (Nationalen Zenter fir d’ëffentlech Gesondheet an UNICEF 2018).

Déi benodeelegt Persounen hu kee gudden Zougang zu den Informatioune vun der lokaler Administratioun, a fir z’iwwerliewen si se  oft op hir Familljememberen ugewisen. D’Communautéiten an de Ger-Distrikte si staark, awer net organiséiert. D’HLO géif gären d’Communautéit mobiliséieren a stäerken, fir datt se sech aktiv un der Verbesserung vun de Liewenskonditiounen, a speziell vun der Wunnsituatioun, bedeelegt.

D’Missioun / D’Aktivitéiten

Haaptzil : Zur Verbesserung vun de Liewenskonditiounen an den aarme Quartiere vun Ulan Bator (Mongolei) bäidroen

Spezifescht Zil: Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de marginaliséierte Gruppen duerch d’Matbedeelegung  an der Gemeinschaft an d’Verstäerkung vun de Kapazitéiten am Distrikt vu Sukhbaatar, Ulan Bator

  • Verbesserung vun der Wunnsituatioun fir déi benodeelegt Familljen duerch d’Participatioun an der Gemeinschaft: Entwécklung vun Äerdbautechniken, Versuch d‘Haiser vu 6 vulnerabele Famillje mat Zellulose z‘isoléieren, e besseren Zougang zu den Haiser vu 6 benodeelegte Familljen schafen, Erweiderung vun den Aktivitéiten op communautairem Plang, Schafung vun Aarbechtsplazen op dem Gebitt vun der Schräinerei fir  d‘Membere vun der Communautéit
  • Stäerkung vun de Kapazitéite vun den defavoriséierte Gruppen duerch de Community Learning Center (CLC): Ariichte vum communautairen Ausbildungszenter (CLC), technesch Ënnerstëtzung fir déi lokal Communautéit, Formatiounen zu den Theeme Gesondheet, Ëmwelt a perséinlech Entwécklung

D’Beneficiairen

Déi direkt Beneficiairë sinn :

  • 12 benodeelegt Familljen, déi vun Isoléierungsaarbechten oder engem besseren Zougang zu hiren Haiser profitéieren
  • 3 Handwierker ouni Aarbechtsplaz, déi an der Schräinerei schaffe kënnen
  • 30 Persounen, déi zu benodeelegte Gruppe gehéieren (Fleegepersonal, Eltere mat engem handicapéierte Kand, al Leit …)
  • 90 Persounen, déi bei der Renovéierung vun hirer Wunneng vun deenen, déi Formatioune matgemaach hunn, gehollef kréien