Integratioun vu bestëmmte Bevëlkerungsdeeler, Schoul fir d’Kanner vun de Roma aus de Leposavuc a Prizluje Camps

Status: Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 80 Kanner pro Joer

Lafzäit vum Projet : 2002 – 2012


Lokale Partner

D.E.A Mitrovica, Democratization, Education, Advocacy, lokal ONG, gegrënnt vu fréiere Salariéë vu PADEM am Kosovo.

Problematik

Obwuel Progrèsen am Educatiounsberäich, an am ëffentleche wéi och am private Sproochgebrauch gemaach gi sinn, ginn déi Mesure nach net duer fir d’Besoinen op der Plaz ofzedecken.
Akternativ Schoulen am Kosovo halen sech un de serbesche Schoulprogramm a gi vum serbesche Ministère fir Sport finanzéiert. Elleng dat weist, dass de Schoulsystem am Kosovo gespléckt ass. D’Schoulen halen di serbesch Schüler vum Haaptdeel vun der Gemeinschaft ewech. Dëst spigelt de Mangel u Vertrauen an de System vum Kosovo widder, wéi och d’Angscht em d’Sécherheet an der Gesellschaft vum Kosovo.
D’Méiglechkeete fir albanesch a serbesch Schüler, fir mateneen a Kontakt ze trieden si kleng. Dat obwuel et e puer Initiative vu verschiddene Schoulen a Schüler gëtt. De Kontakt, den Austausch bzw. eng einfach Co-Existenz vu serbeschen an albanesche Schüler ass bal onméiglech emzesetzen. Dann gett et do och nach d’Angscht em di eege Sécherheet, déi di serbech Schüler dozou bréngt fir Ausbildung an Enklaven ze absolvéieren. Dat obwuel den Transport immens ëmständlech ass an d’Offer un Servicer qualitéitstechnech mangelhaft ass.
Vill Roma Kanner si schonn zanter Joren net méi am Schoulsystem integréiert a missten nees zeréck an dëse System gefouert ginn. Mee schonn eleng de physeschen Zougang zu Schoulen (z.B Schoulen déi d’Mammesprooch léieren) ass problematesch, sou d’Käpp vun de verschiddene Gemengen.

Ziler/ Aktivitéiten

D’Zil vum Projet ass d’Integratioun vun de Romae vu Leposavic an aus der Enklav vu Prizluje ze erméiglechen

Aktivitéiten:

  • Integratioun vun de Roma-Kanner an den normale Schoulsystem
  • Renovatioun vun de Schoulen
  • D’Bezuele vun de Proffen
  • Beruffsausbildung fir d’Mammen
  • Organisatioun vun ausserschouleschen Aktivitéiten
  • Moies-Iessen an der Schoul
  • Beruffsausbildung fir Jonker a Fraen
  • Ënnerstëtzung vun den eelere Roma-Leit

Beneficiairen

  • Direkt Beneficiaire: 80 Beneficiaire am Joer.
  • Indirekt Beneficiairen : em di honnert Elteren