Kampf géint d’gender-baséiert Gewalt zu Nuwara Elya

Zuel vun de Beneficiairen : 2.160 Kanner a 5.184 Fraen

Dauer vum Projet : 2024/2027 – 4 Joer

Uert : Distrikt Nuwara Eliya, Zentral Provënz vum Sri Lanka

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

D’PALM-Foundation ass eng sri-lankesch Associatioun, déi zanter méi wéi 25 Joer ganzheetlech Entwécklungsprogrammer fir d’Populatioune vun den Téiplantagen am Zentrum vum Land wéi och an den noen a méi entleeënen Dierfer duerchféiert. Fir d’Eegestännegkeet an d’Kapazitéite vun de Gemeinschaften ze stäerken, setzt d’PALM-Foundation hir Projeten duerch eng partizipativ Approche an duerch d’Grënnung vu Gemeinschaftsorganisatiounen ëm. D’PALM-Foundation ass a verschiddene Beräicher aktiv, wéi:

  • Déi sozial Mobiliséierung an d’Fërderung vun der Vertriedung an der Participatioun vun de Fraen.
  • D’Entwécklung vun Infrastrukturen, den Zougang zum Waasser a Sanitär
  • De Kannerschutz
  • D’Gestioun vun den natierleche Ressourcen an d’Entwécklung vun der Biolandwirtschaft
  • D’Promotioun vun der Gesondheet an der Ernärung
  • D’Mikrofinanzéierung
  • D’Sensibiliésierung vun de Populatioune fir verschidden Theemen : d’Genderproblematik an d’Geschlechtergläichheet, d’Biergerrechter, d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun den eelere Leit, d’Gefore vum Alkohol asw.

 

Kontext

Och wann de Mënschentwécklungsindex vu Sri Lanka e grousse Wuesstum gesinn huet, erlieft d’Land verschidden Erausfuerderungen an der Plantageregioun. Als éischt gëtt d’Kierperstrof als eng Form vun Disziplin praktizéiert, déi zu ville Fäll vu Kannermëssbrauch féiert. Zousätzlech si Meedercher gesondheetlech Problemer wéinst Mangel u Wëssen a richteg hygienesch Ausrüstung. Ausserdeem gëtt dës Regioun vu Männer dominéiert, sou datt d’Frae keng Entscheedungsmuecht hunn an dacks ënner Geschlecht-baséiert Gewalt ausgesat ginn.

D’Missioun

Dëse Projet soll de vulnerabele Persounen an der westlecher Provënz den Zougang zur medezinescher Versuergung, zu de sanitären Ariichtungen, zur Hygiène an zur Beschäftegung erliichteren.

Aktivitéiten

  • Toilette bauen, och fir Leit mat enger Behënnerung.
  • De Persoune mat Behënnerung liewensnoutwendeg Mëttelen zur Verfügung stellen, fir hir Liewenskonditiounen ze verbesseren (Rollstull, Bett, Matrass asw.).
  • Éischt Hëllef Workshops organiséieren an en adequate Raum dofir an de Schoulen ariichten.
  • De Meedercher hygienesche Schutz ubidden, fir z’evitéieren, datt se wärend hirer Period an der Schoul feelen.
  • Fraen ausbilde fir Aktivitéiten, déi hinnen en Akommes garantéieren an hinne Rostoffer, Ekipementer a Maschinnen  zur Verfügung stellen, fir datt se selbststänneg kënne ginn.

Beneficiairen

3.600 Stéit (dorënner 2.160 Kanner a 5.184 Fraen), 18 Gemeinschaftsorganisatiounen, 18 Iwwerwaachungscomitéen an 100 Gemeinschaftsmemberen