Primär a pre-scolaire Ausbildung fir Kanner
Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiaire : 160 Kanner aus Jodhpur a Setrawa
Lafzäit vum Projet : 2017/2019, 36 Méint
Wou? : Jodhpur a Setrawa, Rajasthan, Indien
Dëse Projet gëtt duerch den Accord Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère finanzéiert
Lokale Partner
Sambhali Trust ass eng indesch ONG déi sech fir d’Onofhängegkeet vun den indesche Fraen a Meedercher (aus Jodhpur a Setrawa, an der Wüst vun Thar) asetzt, dat mat enger schoulescher wéi och enger professioneller Ausbildung. D’Programmer vu Sambhali Trust proposéiere Gratis Kuren an Hindi, Englesch a Mathé wéi och Bitz a Broderien-Kure fir dass d’Fraen en Akommes kennen hunn. Sou sollen d’Fraen sech selbstänneg maache kennen an net nëmmen ekonomesch méi och sozial hir Plaz an der Gesellschaft fannen.
De Problem
Vill Kanner aus arme Famillen zu Jodhpur a Setrawa ginn net oder seelen an d’Schoul . Si verbréngen hir Zäit op der Strooss, mat schaffen oder domatten sech em hir Famill ze këmmeren.
Ziler
De Kanner tëscht 5 an 12 Joer a 4 Ausbildungszentren (3 zu Jodhpur an 1 en zu Setrawa) eng Ausbildung bidden.
Aktivitéiten
- D’Basen am Hindi Englesch an an der Mathé bäibréngen
- Kultur-, Konscht- a Sports-Workshops
- Entwécklung vun de Fäegkeete vun de Kanner fir nozelauschteren an sech ze konzentréiere fir an der Schoul nozekommen
- Finanzéierung vun enger Bourse duerch privat Donateuren, déi de Kanner erméiglecht no hirer Zäit an dem Ausbildungszentrum an eng richteg Schoul ze goen
Beneficiaire
160 Kanner zu Jodhpur