Preventioun vu Gewalt a Schutz vun de Kanner viru Gewalt

Stand : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 650 Persounen

Dauer vum Projet : 34 Méint, Mäerz 2017 – Dezember 2019

Uert : Distrikte vu Villupuram a Cuddalore, Tamil Nadu, Indien

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère


 

Lokale Partner

ADECOM Network (Animation, Development, Employment and Communication Network) ass eng Netregierungsorganisatioun, déi de 27. Januar 1992 gegrënnt gouf. Hiert Zil ass, all Forme vun Diskriminatioun géint ënnerdréckte Gemeinschaften z’eliminéieren – virun allem géint d’Fraen an d’Kanner vun den Dalit (déi sougenannten « Onberéierbar »)- an domat zu hirer Entwécklung bäizedroen. Fir dat z’erreeche, féiert d’Adecom verschidden Aktiounen zu Pondichery an an den Nopeschdierfer duerch :

  • Theater-Aktivitéiten, déi den ënnerdréckte Gemeinschaften d’Méiglechkeet ginn, fir sech auszedrécken  an op deem Wee zu enger Ännerung an der Gesellschaft bäizedroen
  • Campagnen, déi op eng Politik zu Gonschte vun deene Schwächsten an der Gesellschaft ausgeriicht sinn an d’Applicatioun vun de Gesetzer verlaangen
  • « Empowerment » vun de Fraen, fir datt se aktiv ginn an hir Rechter duerchsetzen
  • Eng gratis juristesch Berodung fir déi benodeelegt Fraen

D’Problematik

D’Coordinateure vun ADECOM Network, déi zënter enger Rei Joren an den Distrikte vun Villupuram a Cuddalore aktiv sinn, hu festgestallt, datt vill Kanner ënnert verschiddene soziale Problemer leiden : Gewalt doheem, Aarmut, Kanneraarbecht, Schoulofbroch, asw. Mee grad an de ländleche Gebitter feelt et u sozialen Ariichtungen a Servicë, fir de Betraffenen ze hëllefen a fir d’Populatioun fir déi Problematik ze sensibiliséieren.

Ziler/Aktivitéiten

De Projet ass drop ausgeriicht, fir d‘Kanner, déi Affer vun Abusen, Ausbeutung oder Diskriminatioun gi sinn, z’ënnerstëtzen a fir d’Effikassitéit vun de Servicer an Organisatiounen ze verbesseren, deenen hir Aufgab et ass, d’Kanner ze schützen.

Getraffe Moossnamen:

  • Deeglech Präsenz vu Sozialaarbechter um Terrain
  • Ariichtung vun zwee Zenteren, déi de Kanner an den Elteren eng sozial, psychologesch a juristesch Ënnerstëtzung ubidden
  • Formatiounen, Konferenzen an ëffentlech Campagnë fir eng besser Qualitéit vun den ëffentleche Servicer a lokalen Organisatiounen z’erreechen a fir d’Populatioun fir d’Rechter vun de Kanner ze sensibiliséieren

D’Beneficiairen

  • Direkt Beneficiairen : 650 Persoune profitéiere vun dësem Projet : Kanner, Elteren, Benevoller an Employéë vun den zivilgesellschaftlechen Organisatiounen
  • Indirekt Beneficiairen : d’Awunner vun den Distrikten vu Villupuram a Cuddalore