Eng alternativ Educatioun fir d’Kanner, déi Problemer an der Schoul hunn

Stand : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 175 Kanner

Dauer vum Projet : 34 Méint, Mäerz 2017 – Dezember 2019

Uert : Pondichery, Indien

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

 

Kofinanzement duerch d’KPMG

Lokale Partner

D’Satya Special School ass eng Vereenegung ouni but lucratif, déi am Joer 2003 gegrënnt gouf. Si huet eng villfälteg Offer entwéckelt fir d’Prise en Charge an d‘Fleeg vun handicapéierte Kanner a jonken Erwuessene mat spezifesche Besoinen.

Duerch eng grouss Zuel vun Installatiounen, verschidde Méiglechkeete vun der Prise en Charge an e Formatiounsprogramm huet d’Satya sech spezialiséiert am Ëmgang mat handicapéierte Kanner a jonken Erwuessenen, déi vun Autismus, Trisomie 21, Zerebralparese, geeschtegem Réckstand oder multipellem Handicap betraff sinn. D‘Satya bitt eng ganz Rei vun Therapien un, wéi Physiotherapie, Orthophonie, Musek-Therapie, Hydrotherapie, Yoga, Gruppentherapien, Danz-Therapie, Therapie duerch d’Spillen an natierlech och Programmer fir déi berufflech Ausbildung – dat alles mam Objektiv, datt déi jonk Leit spéider capabel sinn, enger Aarbecht nozegoen. En anere wichtegen Aspekt ass och d’Formatioun vun den Elteren.

 

D’Problematik

An Indien huet den Taux vun der Scolarisatioun an de leschte Joren zougeholl an erreecht offiziell 96,4 %, awer d’Qualitéit vum Enseignement an d’Betreiung vun de Schüler hu sech  leider net verbessert. D’Konsequens ass, datt ganz vill Kanner ongebilt bleiwen, obscho se scolariséiert ginn. Et si besonnesch déi Kanner mat spezifesche Besoinen, deenen d’Schoul net gerecht gëtt : Kanner mat Léierschwieregkeeten, handicapéiert Kanner a Kanner vu Prisonéier, déi keng Ënnerstëtzung vun hiren Eltere kréien.

Ziler/Aktivitéiten

D’Zil vum Projet ass, de Kanner jee no hirer Situatioun adaptéiert Léisungen unzebidden. Moossnamen, déi ëmgesat goufen :

  • Nohëllefscoursen fir d’Kanner mat Léierschwieregkeeten
  • Grënnung vun enger Schoul fir Kanner, déi opgrond vun engem Handicap spezifesch Besoinen hunn. Domat soll verhënnert ginn, datt déi Kanner d’Schoul ofbriechen an et soll méiglech gemaach ginn, datt si spéider an déi ëffentlech Schoul kënnen integréiert ginn.
  • Opstelle vun engem Mentor-Programm fir d’Kanner vu Prisonéier, fir datt si dee néidege Kader an d‘Ënnerstëtzung kréien, fir hir Schoul mat Erfolleg ofzeschléissen.
  • Grënnung vu 5 Ressource-Zentere wou Spezialiste schaffen, déi de Kanner hir Problemer erkennen a si opgrond dovun orientéieren. Si sollen och d’Elteren an d’Professeren informéieren a forméieren wat d’Prise en Charge vun de spezifesche Besoinen vun de Kanner ugeet.

D’Beneficiaire

  • Direkt Beneficiairen : 175 Kanner, dovun 125 mat Léierschwieregkeeten oder engem Handicap a 50 Kanner vu Prisonéier
  • Indirekt Beneficiairen: Elteren a Professeren, déi vun de Formatioune profitéieren