Grënnung vun engem inklusiven a gerechte sozio-ekonomeschen Entwécklungsprogramm fir déi vulnerabelst Persounen, besonnesch d’Kanner an d’Fraen

700 jonk Leit, 270 Fraen, 3 Veräiner an 13 Dierfer

024/2027 – 4 Joer

Duerf Ambohinaorina, Gemeng Anosiala, Regioun vun Analamanga

 

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Ministère des Affaires Étrangères du Grand Duché de Luxembourg

Lokale Partner

De CADRI, deen 2004 gegrënnt gouf, soll zur sozio-ekonomescher Entwécklung vun der Gemeng Anosiala an der Regioun Analamanga bäidroen. Mat enger ganzheetlecher Enwécklungsapproche, goufe 5 verschidden Departementer ageriicht, déi matenee verbonne sinn a sech un ënnerschiddlech Bevëlkerungsgruppe riichten, an dat aus verschiddene Bléckwénkelen. De gemeinsamen Nenner dovunner sinn déi am meeschten defavoriséiert Gruppen aus dem ländleche Raum :

– Departement vun der Allgemengbildung

– Departement vun der Gesondheets- a Gemeinschaftsentwécklung, mam Betreiungszenter Mamm a Kand (Centre d’Accueil Mère et Enfant – CME)

– Departement vun der technescher a berufflecher Formatioun

– Departement vun de produktiven Aktivitéiten a vum Ëmweltschutz

– Departement vun de kulturellen a sportlechen Aktivitéiten.

D’Grënnung vum CADRI geet also zréck op eng privat Initiativ vu Leit, déi gebierteg aus der Regioun sinn, an do och weider eng wichteg Roll iwwerhuelen, andeems se hir Kompetenzen an den Déngscht vun de benodeelegte Populatiounen an der Gemeng Anosiala stellen. Dës “Acteure” sinn an der “Associatioun fir d’Promotioun vum CADRI” gruppéiert, déi déi verschidden Departementer geréiert. Fir den Zenter selwer ass et d’Associatioun FVVH (Fikambanany Vehivavy Vonona Handroso: Associatioun vun de Frae fir de Fortschrëtt), déi d’Koordinatioun vun den Aktivitéite garantéiert. Si ass ugegliddert un de Reseau vun de ländleche Fraenassociatiounen, dee vun der Gemeng Anosiala koordinéiert gëtt.

Kontext

D’Frae vun Anosiala op Madagaskar sinn zu 65% Bauerefraen oder zu 14% Vendeusen, hunn awer nëmme wéineg Produktiounsmëttel an Akommes (97% liewen ënner der Aarmutsgrenz). Déi dacks traditionell bestuete Frae si finanziell vun hire Männer ofhängeg a leiden oft ënnert der Gewalt am Stot. D’Bestietnes verwiert hinnen en adequaten Zougang zum Akerland. Nieft de prekäre sanitäre Bedéngungen hu wéineg Fraen Zougang zu medezinescher Versuergung. Et gi 44 Doudesfäll pro 1000 Kanner registréiert (dacks wéinst Ënnerernärung).

D’Missioun

Dëse Projet strieft d’Ernärungssécherheet an den Zougang zu medezinescher Versuergung un. Ausserdeem fërdert en e sozio-ekonomeschen Entwécklungsprogramm fir déi vulnerabelst Persounen.

Aktivitéiten

– Den Ekipement an d’Kompetenze vum Gesondheetspersonal am Zenter Mamm a Kand (CME) verbesseren.

– Produzéiere/Verdeele vun ugeräichertem Bräi fir d’Kanner.

– D’medezinesch Betreiung an d’Medikamenter méi zougänglech maachen.

– D’Personal vum CARDI weiderbilden, fir seng Kapazitéiten ze verbesseren.

– D’Struktur, d’Féierung an de Kommunikatiounssystem vum CADRI consolidéieren.

– D’Kapazitéite vun den administréierten Associatiounen, den Associatiounsmanagement an d’Eegestännegkeet stäerken.

– E Betriebskapital ariichten (Prêten un d’Associatioune verginn).

Beneficiairen

180 Kanner (< 5 Joer), 230 jonk Leit (< 15 Joer), 290 jonk Erwuessener (< 25 Joer), 570 Fraen (> 25 Joer), 3 Associatiounen an 13 Dierfer