E gesonden, ekologeschen a conviviale Spillschoulmodell fir d’Kanner an de vulnerabelste Gebidder vun der Mongolei

Zuel vun de Beneficiairen : 3100 Kanner, 285 Enseignanten an 10 Spillschoulen

Dauer vum Projet : 2026/2027 – 2 Joer

Uert : Ulaanbaatar City a Soum vun Zuunmod, Provënz Tuv

 

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

Zënter 2015 huet d’WAM (WaSH Action Mongolia) Projete fir d’Sanéierung, den Zougang zum Waasser, d’Hygiène an den Offallmanagement an der Mongolei ëmgesat. D’Associatioun huet hir Expertis erweidert a gouf als ee vun den Haapt-WaSH Experten an der Mongolei unerkannt.

D’WAM huet sech mat villen Organisatiounen zesummegedoe fir ze kollaboréieren an hir Erfarungen an technesch Offeren ze diffuséieren, a si dréit weider dozou bäi, datt d’Liewesqualitéit vu villen Awunner an der Mongolei sech verbessert.

Kontext

An der Mongolei sinn d’Kanner ënner 5 Joer méi staark vun Ernärungsproblemer (Anämie, Vitamin A-Mangel) a Krankheeten duerch kontaminéiert Waasser a Liewensmëttel betraff. Effektiv si 56 % vun de Persounen, déi ënnert Dysenterie (staarken Duerchfall) leiden, manner wéi 5 Joer al. De Spillschoule kënnt eng wichteg Roll fir d’Entwécklung vum Kand zou, awer leider gëtt et der nach vill, déi net de gültegen Norme fir d’Hygiène an d’Ernärung entspriechen. Et ass dofir essenziel, fir dëse Strukturen e Modell zur Verfügung ze stellen, wat d’Gesondheet, d’Ernärung an d’Sécherheet betrëfft.

D’Missioun

Dëse Projet soll de vulnerabele Kanner vun den 10 Modellspillschoule méi e sécheren Zougang zur Ernärung, zum Waasser an zu einfache sanitären Ariichtunge verschafen.

Aktivitéiten

-Eng Statioun fir Drénkwaasser ariichten an Toiletten installéieren, déi den etabléierte Standarden entspriechen.

-D’Ëmfeld vun der Spillschoul sou amenagéieren, datt et méi gréng a méi sécher ass.

– Gaardegeschier zur Verfügung stellen an Zären ariichten, fir eng närstoffräich Ernärung z’erlaben.

-D’Kichepersonal ausbilde fir d’Zoubereedung vu närstoffräichem Iessen.

-D’Richtlinne vum “ekologeschen a conviviale Spillschoulsmodell” entwéckelen a verbreeden, fir datt de Modell op aner Spillschoulen iwwerdroe ka ginn.

Beneficiairen

3100 Kanner, 285 Enseignanten an Erzéiungspersonal an 10 Spillschoulen