Promotioun vun enger familljebedriwwener, nohalteger Landwirtschaft an Zougang zum Waasser an den hallef-dréchene Regioune vum Departement vu Chuquisaca

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen: 385 Persounen

Dauer vum Projet : 24 Méint

Uert : Gemeng vun Tarabuco, Provënz vu Yamparez, Departement vu Chuquisaca a Bolivien

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

 

Lokale Partner

SUMAJ PUNCHAY ass eng  Net-Regierungsorganisatioun ouni but lucratif, déi an der Haaptsaach an de marginaliséierten an entleeëne Regioune vu Bolivien aktiv ass. Si ass am Joer 2001 gegrënnt ginn, opgrond vun der grousser Aarmut an de ländlechen a städtesche Regioune vu Bolivien. „Sumaj Punchay“ ass e Begrëff, deen an der indigener Sprooch Quechua souvill bedeit wéi „ënnerwee a besser Zäiten“. D’Zil vun der ONG ass, deenen zukünftege Generatioune besser Konditiounen ze schafen a puncto sozial Gerechtegkeet, Educatioun, Gesondheet, Respekt vun der Ëmwelt, Biodiversitéit, Autodeterminatioun a Gläichheet tëschent de Geschlechter. Dobäi sollen d’Mënscherechter a virun allem d‘Rechter vun den autochtone Vëlker respektéiert ginn.

D’Problematik

Der Organisatioun Center for Global Development no, steet Bolivien op der 9. Plaz vun deene Länner, déi am meeschte Kulturland duerch de Klimawandel verluer hunn. Déi arem Leit aus de ländleche Regioune leide staark ënnert dem Klimawandel, well d’Aktivitéiten, déi hinnen en Akommes verschafen, haaptsächlech vum Klima ofhängeg sinn. Fir déi ländlech Gemeinschaften huet dat virun allem Konsequenzen op d’Ernärung, well d’Klimaphenomener sech direkt op déi landwirtschaftlech Produktioun auswierken.

Ziler/ Aktivitéiten

D’Zil vum Projet ass d’Promotioun vun enger nohalteger Landwirtschaft duerch eng adequat Gestioun vun den natierleche Ressourcen an duerch d’Verstäerkung vun de Produktiounskapazitéiten, sou datt d‘Sécherheet an d’Souveränitéit vun der Ernärung fir d’Awunner vun Tarabuco garantéiert ass.

  • Gestioun a Benotzong vun de Waasserreserven duerch de Bau vu 40 Bewässerungssystemer mat Behältere vun enger Kapazitéit vu 5000 Liter an Installatioun vu Verdeeleruschlëss fir d’Netze vun de Geméisgäert
  • Uplanze vu (neie) Beem a Bëscher, fir datt d‘Grondwaasser sech nees opfëlle kann (natierlech Waasserreserven)
  • Uleeë vu 50 Bongerte fir Familljen, nom Prinzip vun der Agroforstwirtschaft a Gefligelzuucht fir 70 Familljen
  • Ateliere wou betraffe Frae léieren, mat de Liewesmëttel aus dem Geméisgaart ze kachen an domat d‘Iessgewunnechten ze verbesseren. D‘Frae ginn och sensibiliséiert, wat d‘Nährstoffer vun de Liewesmëttel ugeet.
  • Formatioune fir d’Gestioun vum Waasser a vum Buedem a fir d‘Bedreiwe vun der biologescher Produktioun, der Agroforstwirtschaft a Gefligelzuucht
  • Sensibilisatioun iwwer d’Auswierkunge vum Klimawandel an iwwer d’Méiglechkeeten, wéi ee sech dorun adaptéiere kann
  • Formatioun fir d’Kommerzialisatioun vun de Produiten aus der biologescher Landwirtschaft
  • Opstelle vun enger Zertifikatioun, déi d’Qualitéit vun de verkaafte Produiten garantéiere soll
  • Participatioun u lokale Mäert a Foiren, fir de Verkaf vun de labelliséierte Produiten ze erméiglechen

D’Beneficiairen:

  • Direkt Beneficiairen : De Projet kënnt 385 Persounen (70 Familljen) vun der Ethnie Yampara zegutt, déi a grousser Aarmut an der Gemeng vun Tarabuco am Departement vu Chuquisaca liewen.
  • Indirekt Beneficiairen : D’Familljen, déi an der Noperschaft vun deenen ënnerstëtzte Famillje liewen. Si profitéieren och vum Zougang zum Waasser a si kënnen d’Geméis aus de Gäert entweder kafen oder géint aner Produiten tauschen.