Verbesserung vun de Liewenskonditiounen, der Hygiène an der Gesondheet vun de vulnerabele Stéit an de Leit mat Behënnerungen an der westlecher Provënz vu Sri Lanka

Zuel vun de Beneficiairen : 75 Familljen (dorënner 25 mat behënnerte Persounen), 500 jonk Meedercher, 300 Fraen an 1.800 aner Persounen

Dauer vum Projet : 2024/2026

Uert : Westlech Provënz vum Sri Lanka

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

D’Life for all Foundation (LFA) ass eng sri-lankesch Associatioun, déi zënter e puer Joer ganzheetlech Entwécklungsprogrammer fir vulnerabel Populatiounen an hirem Land duerchféiert (Communautéiten am ländleche Raum, Ëmsiidlungszone vum Krich, urban Slums, Leit mat Behënnerungen asw.). D’LFA ass a verschiddene Beräicher aktiv wéi d’Educatioun, d’Gesondheet an déi sozio-ekonomesch Entwécklung.

Kontext

Am Mäerz 2022, nodeems déi auslännesch Wärungsreserven opgebraucht waren, huet d’Regierung vum Sri Lanka d’Land offiziell als Faillite erkläert. Effektiv war de Sri Lanka mat engem Engpass vu wesentleche Wueren (Brennstoff, Gas, Iessen), mat längere Stroumausfäll, mat Schléissungen (Fabricken, Geschäfter, Schoulen an Universitéiten) a mat enger massiver Erhéijung vum Chômage konfrontéiert. Op Grond vun dëse Problemer ass et onbedéngt noutwendeg, fir dem Land eng Nouthëllef zoukommen ze loossen, wat den Zougang zu den essenziellen Servicer a Wueren ugeet.

D’Missioun

Dëse Projet soll de vulnerabele Persounen an der westlecher Provënz den Zougang zur medezinescher Versuergung, zu de sanitären Ariichtungen, zur Hygiène an zur Beschäftegung erliichteren.

Aktivitéiten

  • Toilette bauen, och fir Leit mat enger Behënnerung.
  • De Persoune mat Behënnerung liewensnoutwendeg Mëttelen zur Verfügung stellen, fir hir Liewenskonditiounen ze verbesseren (Rollstull, Bett, Matrass asw.).
  • Éischt Hëllef Workshops organiséieren an en adequate Raum dofir an de Schoulen ariichten.
  • De Meedercher hygienesche Schutz ubidden, fir z’evitéieren, datt se wärend hirer Period an der Schoul feelen.
  • Fraen ausbilde fir Aktivitéiten, déi hinnen en Akommes garantéieren an hinne Rostoffer, Ekipementer a Maschinnen  zur Verfügung stellen, fir datt se selbststänneg kënne ginn.

Beneficiairen

75 Familljen (dorënner 25 mat behënnerte Persounen), 500 jonk Meedercher, 300 Fraen an 1.800 aner Persounen