Entwécklung vun handwierklechen Aktivitéite fir d’Fraen a Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de Kanner an den isoléierte Communautéite vum Hellegen Dall an den Anden

Zuel vu Beneficiairen : 105 Kanner, 15 Schüler a 35 Fraen

Dauer vum Projet : 2022/2023, 2 Joer

Uert : Secteure vu Chupani an Chinchero, Regioun vu Cusco, Peru

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Projet soutenu par

Lokale Partner

D’Rufada ass eng Vereenegung ouni lukrative But, an drop ausgeriicht, déi isoléiert an defavoriséiert Awunner vum Hellegen Dall zu Urubamba am Peru finanziell, administrativ an technologesch z’ënnerstëtzen. Hir Projete schafen Aktivitéiten, déi de Leit en Akommes sécheren, am Respekt vun den traditionelle Kenntnisser vun de Communautéiten. D‘Rufada huet an der Vergaangenheet och schonn Aktivitéite geleet, fir d’Educatioun vun de Kanner an déi sanitär Situatioun ze verbesseren.

Kontext

Déi ländlech Communautéiten an den Anden hunn, trotz hire grousse landwirtschaftleche Flächen, net genuch Ressourcen, fir d’Wuel vun hire Kanner z’assuréieren. An enger Héicht vun iwwer 4000 m ass d’Dréchent allgemeng verbreet an et feelt un Bewässerungsméiglechkeeten. D’Notzdéieren (Lamaen, Alpakaen a Schof) si gouereg a ginn nëmme fir d’Wollproduktioun gebraucht. Sou kënnt et, datt 95 % vun den Awunner an Aarmut liewen an datt 68 % souguer extrem arem sinn. 70 % vun de Kanner leiden ënnert Ënnerernährung an Duerchfallkrankheeten, ausserdeem ass eng Majoritéit vun hinnen net scolariséiert.

D’Missioun

D’Zil vum Projet ass, d’Mammen an d’Kanner vun den isoléierte Communautéiten am Hellegen Dall an der Regioun vu Cusco an den Anden an déi sozial Entwécklung z’integréieren. Eng Verbesserung vun hire Liewenskonditioune soll erreecht ginn duerch d‘Schafe vu wirtschaftlechen Aktivitéiten am Beräich vum traditionellen Handwierk, engem vun der lokaler Gemeinschaft geréierten Tourismus an duerch den Zougang vun de Kanner zur Spillschoul.

D’Aktivitéiten

  • Grënnung vun enger Federatioun vu Wiewer-Associatioune an de Communautéite vun den Anden. Et gi Formatiounen ofgehalen an de Beräicher vu Produktioun a Verkaf vun artisanalen Objeten, mee och am Beräich vun engem ländlech-communautairen Tourismus (3 bis 7 Ateliere pro Thema, fir 15 Fraen)
  • Konstruktioun vun 10 Wiewer-Haiser an 3 Bungalowen fir Touristen, Diffusioun vun enger Promotiouns-Campagne an den touristesche Géigenden
  • Formatiounen an de Beräicher Gesondheet, equilibréiert Ernährung a Preventioun vu familiärer Gewalt (3 Ateliere pro Thema, fir 15 Fraen)
  • Konstruktioun an Ariichte vun enger Spillschoul fir 15 Kanner, Astellung vun engem Professer a Grënnung vun enger Elterevereenegung fir d’Gestioun vun der Schoul

D’Beneficiairen

105 Kanner, 15 Schüler a 35 Fraen (Wiewerinnen) vun de Communautéite vun  Chupani  a Chinchero



BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€