Verbesserung vun de Liewens- a Wunnkonditioune vun de Fraen an de Yourten-Quartiere vu Chingeltei an Test fir Haiserbau fir zwou Famillen

Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 9 Mammen an ee Kand

Lafzäit vum Projet : 2018/2019, 10 Méint

Wou? : Distrikt vu Chingeltei, Oulan-Bator, Mongolei


Lokale Partner

MONES ass eng mongolesch Associatioun, gegrënnt 2000 fir sech fir d’Fraerechter an der Mongolei anzesetzen.
A 16 Joer huet d’ONG méi wéi 852 000 Dollar u Fraenassociatiounen am Land verdeelt, duerch d’Finanzéiere vun 356 Projeten a sämtleche mongolesche Provënzen .
D’Visioun vu MONES: Gläich Rechter fir Fraen a Männer, Frae sollen hiert Potenzial entwéckelen an eng dreiwend Roll an der Gesellschaft hunn, dat soll duerch techneschen a finanzielle Support vun den eenzelen Associatioune geschéien a duerch den Austausch vu Ressourcen a Wëssen. Op lokalem wéi och op nationalem Niveau soll sou de Leadership vun de Fraen an d’Chancëgläichheet etabléiert ginn.

De Problem

Etüden aus dem Joer 2015 no, sinn 10% vun den 860 000 Haushalter vu Frae geleet, 60% vun deene Famille liewen ënnert der Aarmutsgrenz. Dëse Projet soll Frae mat Kanner mat Handicap ënnerstëtzen, well des souwisou schonn ënnert haarde Liewenskonditioune liewen an net schaffe goe wéinst hire Kanner.

Ziler/Aktivitéiten

Global: Besser Liewenskonditiounen duerch besser Wunnkonditioune schafen. Konkret: Wunnkonditioune vun 9 Fraen an hire Kanner mat Handicap verbesseren, 45 Persounen am Ganzen, dat an de Yourten-Quartiere vu Chingeltei

  • Bau vun 3 Haiser (Pilotprojet) fir 15 Persounen dovun dräi Kanner mat Handicap an hir Mammen
  • Isolatioun vu 6 Yourte fir besser Liewenskonditiounen dir 6 Famillen ze schaffen (ee vun de Kanner mat Handicap)

Beneficiaire

– 9 Famillen, ee Kand mat Handicap
-D’Entreprisen déi fir de Pilotprojet zoustännege sinn, d’ Salariée, d’Membere vum Comité déi d’Firmen auswielen
-indirekt déi ganz d’Bevëlkerung vu Chingeltei, lokal Autoritéiten