Ariichtung vun engem Rehabilitatiounszenter fir t’Dalit-Fraen, di Affer vu gender-baséierter Gewalt gi sinn (Pondicherry, Indien)
Stand : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen: iwwer 1500 Fraen
Dauer vum Projet:24 Méint
Lokale Partner:ADECOM, Organisatioun déi zum Zil huet den benodeelegte Bevëlkerungsdeeler vun Indien a Saachen Entwécklungsaarbecht ënnert d’Äerm ze gräifen, virun allem deni Dalit-Fraen
- T’Diskriminatioun géintiwwer Fraen a Meedercher an Indien ass wäit verbreet an Indien: d’Zuel vu klengen Meedercher déi jon k stierwen ass immens héich, hir Ausbildungschancë si vum Niveau hir net mat deene vun de Jongen ze verglaichen
- Gewaltakter géint Fraen si genau sou wäit verbreet. Informatioune vun der indescher Regierung no gëtt all 22 Minutten eng Fra vergewaltegt, all 3. Fra ënnert 18 Joer
- Den indesche Kastesystem baséiert op dem Glawen dass Fraen a Männer net gläich sinn. Dalit-Fraen (oder sougenannte „onberéierbar“ Fraen) ginn am Kastesystem komplett ausgeschloss, dat well di Aarbecht der sinn no ginn, als „onrein“ an ofwäertent beuerteelt gëtt
- T’Dalit Fraen (2011 em di 80 Millioune Fraen) leiden ënner Diskriminatioun, sozial a wirtschaftlech Ausgrenzung a schlechter Behandlung.Engem Kollektiv-Rapport (2013) vun 32 indeschen ONGen no hunn op mannst 54, 8% vun deene Frae kierperlech Gewalt erlieft, 46,8 % sinn Affer v sexueller Belästegung bzw. Gewalt ginn
Ziler/ Projeten
Am Kader vum Projet soll e Rehabilitatiounszenter opgebaut ginn :
- Bleif fir 70 Fraen déi an enger extrem vulnerabeler Positioun sinn an eng laangfristeg Begleedung vu 1500 Fraen
- Opklärung iwwert d’Rechter a juristesch Begleedung fir d’affer vu sexueller Gewalt, dat fir géint d’Täter virzegoen
- Medezineschen a psychologesche Suivi
- Ënnerstëtzung fir Frae mat dem Zill en Schrëtt an d’Beruffswelt ze maachen, Formatioun a praktesch Beruffsausbildung
- D’Organisatioun vu Sensibiliséierungs-Ateliere mam Thema genderbaséiert Gewalt (des Ateliere riichten sech souwuel u Männer wéi och u Fraen)
Beneficiairen
Direkt Beneficiairen :
- 1500 Fraen a jonk Meedercher (haaptsächlech Dalit-Fraen) vu 14 Joer uns fir d’Lafzäit vum Projet
Indirekt Beneficiairen:
- Sozialt Emfeld vun de Fraen (Berodung a Vermëttlung, Sensibiliséierungsaarbecht ënnert net-gewalttätege Männer, Sensibiliséierungsaarbecht fir d’Frënn a Famill, Hëllef fir legal Mesurë géint Gewalt Doheem anzeleeden)