Verbesserung vun de Wunnkonditiounen an 29 Téi Plantagen a Sri Lanka am Nuwara Eliya District

Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 1000 Famillen

Lafzäit vum Projet : 2017/2018 also 14 Méint

Wou ? : Nuwara Eliya District, Sri Lanka

Lokale Partner

PALM Fondatioun ass eng ONG am Sri Lanka déi schonn zanter 25 Joer op eng ganzheetlech Aart a Weis Entwécklungsprojete fir d’Plantageregiounen an fir d’Uertschaften nieft drun oder méi entleeënen Dierfer – dat andeems d’Beneficiairen esou gutt wéi méiglech um Projet deelhuele kennen. PALM Fondatioun këmmert sech em:

  • Sozial mobiliséieren an d’Entwécklung vun der Positioun vun der Fra an der Gesellschaft
  • Infrastruktur an Entwécklung, Zougang zu Waasser a Sanitäranlagen
  • Schutz vu Kanner
  • De Management vu natierleche Ressourcen an d’Fërderung vu Bio-Landwirtschaft
  • Sensibiliséierung wat Ernierung a Gesondheet betrefft
  • Mikro-Finanzementer
  • Opklärungsaarbechte punkto Gender Froen, Gender Gläichheet, Mënscherechter, Gesondheet (vun der eelerer Generatioun) an d’Gefore vun Alkohol

De Problem

De Liewenskonditioune vun de Plantagenaarbechter am Sri Lanka ginn net vill Opmierksamkeet geschenkt, wat dozou féiert dass des vernoléissegt ginn.

Ziler

Am allgemenge soll dëse Projet d‘Wunnkonditioune verbesseren, dat op den Téi Plantagë mee och an den Dierfer déi wäit ewech leien.

Méi konkret: D’Wunnkonditioune vun 1000 Famille verbesseren, andeems d’Infrastrukturen am Allgemenge verbessert ginn, dat an 3 Téi Plantagen an duerch den Zougang zu Mikro-Kreditter déi duerch 23 gemeinschaftlech Organisatioune gereegelt ginn.

Aktivitéiten

  • Verbesserung vun de Wunnkonditioune vun 220 Famille verdeelt op déi 3 Plantagë vu Akkarapanaha, Ramboda RB Division a Walapane Upper
  • Zougang zu Drénkwaasser a besser Gestioun vu Reen a Reschtwaasser
  • Verbesserung vun de Wunnkonditioune vun 780 Famillen an  28 Plantagë mat der Hëllef vu Mikro Finanzementer
  • Kreditter déi duerch 23 gemeinschaftlech Organisatioune gereegelt ginn, an d’Fërderung vun Aktivitéiten déi en Akommes generéiere souwéi gläichzäiteg beim Bau vun den Infrastrukturen hëllefen

Beneficiairen

D’Awunner vun 29 Téi Plantagen, 1,000 Famillen.