En Zougang zur Educatioun an zu qualitativ héichwäertege Wunnenge fir jiddereen zu Mathare

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 8.466 Persounen

Dauer vum Projet  : 3 Joer

Uert : Bidonville vu Mathare, Nairobi, Kenia

Logo de la fondation abbé pierre

Lokale Partner

D’LEC (Legacy Education Center) ass eng Institutioun ouni Gewënnzweck, déi 2010 gegrënnt gouf, fir Aktiounsprogrammer opzestellen, déi d’Fraen an déi jonk Leit stäerken an autonom maachen a Bildungschancë schafe fir déi am meeschte benodeelegt Kanner aus der Communautéit vum Bidonville Mathare. Et handelt sech ëm eng gemeinschaftlech Organisatioun, déi bei der kenianescher Regierung ënnert der Nummer KAS / CBO /5/4/2012/495 enregistréiert ass. Hir Direktioun besteet aus zwee Memberen (Leah Nyalobo a Sarah Rono), déi vun der  Kenianescher Regierung autoriséiert an duerch den uewe genannte Certificat mandatéiert sinn, fir déi Roll z’iwwerhuelen.

D’LEC huet scho verschidde Projeten zu Mathare duerchgeféiert, dorënner:

  • De Programm fir de schoulesche Sponsoring vun de Kanner
  • De Programm Safisha Kijiji (Haalt Äre Bidonville propper)
  • De Projet, fir datt all d’Meedercher zeréck an d’Schoul komme sollen
  • De Projet fir d’Entwécklung vu Kompetenzen am Entreprenariat
  • De Projet fir méi Autonomie fir d’Kanner duerch de Sport.

D’Fro vum Wunnraum gouf och scho virdru vun der LEC opgegraff. D’Associatioun huet e Renovatiounsprojet fir Wunnengen zu Gonschte vun de Wittfraen an de vulnerabelste Familljen am Busia County, am Oste vu Kenia, ëmgesat. Dëse Projet gouf méiglech gemaach duerch lokal Spendenaktiounen an d’Zesummenaarbecht vun de lokalen Autoritéiten. Zesummen hunn se och temporär Opfaangstrukturen ageriicht, besonnesch zu Gonschte vun den Iwwerschwemmungsaffer. D’Membere vun der LEC schaffen zënterhier an enker Zesummenaarbecht mat dësen Autoritéiten, déi besonnesch u si eruntrieden, fir  Berodungsservicer unzebidde fir Populatiounen, déi Affer vu GBV (Gender-based violence, Geschlechterbaséierter Gewalt) goufen. Well d‘GBV ganz present an der Regioun ass a sech op den Alldag an d’Liewenskonditioune vun de Populatiounen auswierkt, ass d’Ënnerstëtzung duerch déi lokal Autoritéiten och néideg, wat de Wunnraum ugeet.

Kontext

De Kenia erlieft säit bal engem Joerzéngt e staarke wirtschaftlechen an demographesche Wuesstem. Allerdéngs gouf déi demographesch Entwécklung vu groussen Ongläichheete begleet.

De politeschen Iwwergang, deen am Joer 2003 initiéiert gouf, war e Faktor vu Verännerung an Entwécklung an huet dem Land eng gesond Wirtschaft bruecht. Kenia huet sech domat Infrastrukture verschaaft, besonnesch duerch de Bau vu Stroossen an Eisebunnslinnen.

Zur selwechter Zäit gouf am Land en exponentiellen urbane Bevëlkerungswuesstem observéiert (+ 2.2% pro Joer tëscht 2009 an 2019), deen zu den héichsten op der Welt zielt. Zum Beispill huet sech der Haaptstad Nairobi hir Populatioun a 15 Joer verduebelt, an Nairobi ass haut eng vun de gréisste Metropolen an Afrika, mat méi wéi 8,3 Milliounen Awunner. Et gëtt erwaart, datt hir Populatioun sech bis 2035 nees verduebelt a bis 2050 verdräifacht.

Allerdéngs ass dës Entwécklung net favorabel fir jiddereen: bal d’Hallschent vun der kenianescher Bevëlkerung lieft haut ënnert der Aarmutsgrenz an a schlechte Liewensbedingungen.

Esou gëtt dësen demographesche Wuesstem zu Nairobi haaptsächlech an de Bidonvillen observéiert, déi sech an de Banlieuen ausbreeden. Et gëtt geschat, datt haut ongeféier 2.5 Millioune Mënschen do an extreme Konditioune vu Prekaritéit an Onsécherheet wunnen.

Zwee Bidonvillen, Mathare a Kibera, si besonnesch betraff. Si sinn iwwerfëllt (mat 60-70% vun der Bevëlkerung vun Nairobi op nëmme 6% vun der Fläch vun der Stad) a besti gréisstendeels aus provisoreschen Haisercher, an deenen d’Familljen zesummegepercht wunnen, ouni Zougang zum Drénkwaasser, ouni Toiletten, Elektrizitéit an Hygiène an dozou nach an enger permanenter Onsécherheet. Dat huet och Auswierkungen op déi sozial, gesondheetlech a pedagogesch Entwécklung vun de Kanner, déi dacks Affer vu geschlechterbaséierter Gewalt ginn, genee wéi hir Mammen an / oder fréi bestuet gi wéinst der Aarmut vun hiren Elteren.

Dës Bidonville sinn also Plazen, déi gepräägt si vun Zerfall, Verschmotzung, illegalem Handel, Milizen, Gewalt a sexueller Gewalt  an enger laissez-faire Haltung vun den Autoritéiten. Eng Situatioun déi kuerzfristeg all Forme vun nohalteger an harmonescher Entwécklung vun de Populatioune gefäerde kann.

D’Missioun

Allgemengt Zil: zu enger nohalteger Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de vulnerabelste Persounen am Kenia bäidroen

Spezifescht Zil: en Zougang zu Ausbildung a sécherem Wunnraum fir déi vulnerabelst Persounen am Bidonville vu Mathare zu Nairobi schafen

Aktivitéiten

  • Familljen, déi Affer vu geschlechterbaséierter Gewalt (GBV) sinn, en Ënnerdaach verschafen an adequat Präventiounskapazitéiten entwéckelen: Grënnung vun enger Pilot- Gemeinschaftsgrupp vu 9 Familljen, déi ufälleg fir GBV sinn, Bau vu Wunnenge mat enger Sécherheetszone fir Kanner, Sensibiliséierung an Ausbildung vu Persounen, déi um Projet bedeelegt sinn am Kampf géint GBV, Verbesserung vun der Sécherheet am Bidonville (Installatioun vun engem ëffentleche solare Beliichtungssystem, Ofsécherung vum elektresche Kabelsystem an den Haiser vun de Pilotfamilljen, asw.), Kapitaliséierung, Bau vun enger Schoul fir 200 Schüler
  • e Modell entwéckele fir hygienesch Praktiken a Kapazitéiten: Bau vun 2 Duschen a 7 gemeinsamen Toilettë fir d’Pilotgemeinschaft a 4 kollektiv Sanitäranlagen, Sensibiliséierung an der Gemeinschaft an an de Schoule fir eng besser Hygiène, Verbesserung vum stätteschen Entwässerungssystem an Aféierung vun enger  gemeinschaftlecher Offallcollecte, déi vun de jonke Leit vum Bidonville geréiert gëtt (Ekipement (Offallcontainer, Transporter, Kleedung asw.) an Ausbildung fir déi jonk Leit), Kapitaliséierung
  • Aktualiséierung vun de Léiermethode fir d’Schoulleeschtung vun de Kanner ze verbesseren, de Kannerschutz ze stäerken an d‘ GBV ze bekämpfen: Rekrutéierung an Ausbildung vun 10 kompetenten Enseignanten, Grënnung vun enger Elteren / Enseignantsassociatioun, Bereetstelle vun Ekipementer a Schouluniforme fir 50 Kanner, individualiséierte Suivi vun de Schüler, Kapazitéitsopbau vun der Schoulverwaltung fir eng  stabil a nohalteg Gestioun
  • Positiivt Verhale fërderen: andeems déi Schüler, déi d’Schoul ofgebrach hunn, Sport bedreiwen, an duerch d‘Ënnerstëtzung vu 4 Sportséquipen (Jongen, Meedercher, Junioren, Senioren)
  • Ënnerstëtzung: materiell oder finanziell Ënnerstëtzung vun 20 Familljen, fir eng Aktivitéit z‘entwéckelen, déi en Akommes erlaabt (Bitzmaterial, Schaffgeschir, Véi asw.)

Beneficiairen

8.466 Beneficiairen, dovunner:

  • 159 Familljen, déi nei Wunnenge kréien oder deenen hir Wunnenge renovéiert ginn
  • 200 Schüler an 20 Mataarbechter vun der neier Schoul
  • 20 Championen, déi am Kampf géint GBV ausgebilt goufen
  • 56 jonk Leaderen, déi hir Kolleegen am positive Verhalen ausbilden, 1.000 aner jonk Leit aus dem Bidonville
  • 6.000 Gemeinschaftsmembere vu Mathare, déi vun de Massesensibiliséierungen oder der Renovéierung / dem Bau vun ëffentlechen Infrastrukture profitéieren