Langues usuelles : LU, DE, FR, et EN

 

De Prinzip
D’ Salariéë vun enger Entreprise gi fräiwëlleg e puer Cent vun hirem Salaire un en Humanitären-Hëllefsprojet of.

Wéi funktionéiert et?
De Programm, këmmert sech, soubal en installéiert ass eleng drëms!

Virdeeler

Flexibel : vun e puer Cent bis e puer Euro…de Betrag ass Iech iwwerlooss !

Einfach : alles leeft automatesch, iwwer de Payroll Giving Programm

Virdeelhaft : Dat Ganzt ass natierlech steierlech ofsetzbar, um Schluss vum Joer gëtt e Recu Fiscal disponibel gemaach, mat enger Iwwersiicht vun de Spenden di am Joer gemaach gi sinn.

Komplett Fräiheet
D‘ Payroll Givers ginn esou vill wéi se wëllen, änneren de Betrag an halen op wann se net méi matmaache wëllen.

Wéi eng Projeten/ ONGen kann ech ënnerstëtzen?
D’Payroll Givers an d’Entreprise wielen de Projet selwer aus, deen se gären ënnerstëtze wëllen.
Dat kann ee PADEM Projet sinn, mee och e Projet vun all aner Lëtzebuerger ASBL oder ONG.
www.payroll-giving.lu

Wéi vill kascht mech dat?
Näischt! Et komme keng Rechnungen, keng Extra Käschten, fir d’Payroll Givers oder d’Entreprise dobäi.

CSR Corporate Social Responsability
De Payroll Giving mëscht Aktiounen am Kader vun der CSR an der Entreprise op eng bequem Aart a Weis méiglech. Esou ass et méi einfach Iech an d’Entreprise sozial ze engagéieren, fir de gudden Zweck deen dir Iech selwer eraussiche kennt.

Wéi kommen ech un de PayrollGiving?
Kontaktéiert eis (info@payroll-giving.lu), den Här Hus riicht Iech de Payroll Giving op der Aarbecht an, a beréit Iech vum Choix vum Projet bis bei d’Installatioun vum Programm.
Prinzipiell ass d’Installatioun vum Payroll Giving fir Entreprisen a Fiduciairen déi d’APSAL (vun TELINDUS PROXIMUS TANGO) a KeyPaye (vun PARTENAIRES SOCIAUX, selwer Member vum Payroll Giving fir seng eege Mataarbechter) Software benotze ganz einfach: eng Këscht ukräizen an d’Funktioun vum Payroll Giving ass fräigeschalt !
Entreprisen a Fiduciairen déi aner Programmer benotzen, kréien di trotzdeem onkomplizéiert Ariichtung vum Programm, vu PADEM gemaach.

Langues usuelles : LU, DE, FR, et EN

 

Eng Initiativ vu PADEM , Payroll Giving 2015, all Rechter virbehal