Déi sozial a familiär Reintegratioun vun 20 Stroossekanner zu Lomé am Togo

Stand vum Projet : Am Gaang, finanzéiert ze ginn | Zuel vun de Beneficiairen : 60 Beneficiairen, dovunner 20 Kanner

Dauer vum Projet : 1 Joer

Uert : Lomé, Togo

Lokale Partner

Déi éischt Aktioun vun der ONG ACCP gouf am Joer 2014 duerchgefouert. Zënterhier beméit sech d’ONG weider, fir all Joer nei Projeten z’entwéckelen: Ausbildung am Entreprenariat a fir Aktivitéiten, déi en Akommes erméiglechen, besonnesch fir d’Autonomie vun de Fraen ze stäerken; Ënnerstëtzung fir d‘Mamme vu benodeelegte Kanner; Fërderung vu biergerleche Wäerter; Sensibiliséierung fir gesondheetlech, sozial a wirtschaftlech Themen, Ariichtunge fir den Zougang zum Drénkwaasser a fir eng besser Sanéierung, eng agro-pastoral Entwécklung a villes méi.

An hirem Kampf géint d’Aarmut am Togo engagéiert sech d’ACCP och fir déi vulnerabelst Kanner a jonk Leit an / oder Weesekanner. D’ACCP féiert Aktiounen duerch an de Beräicher vun der Erzéiung souwéi an der Kanner- a Jugendbetreiung: Rehabilitatioun vu Schouletablissementer a Scolariséierung vun de  Kanner, Ënnerstëtzung fir d‘Beruffsausbildung an d’Integratioun vun de jonke Leit, Liewensmëttelhëllef fir Familljen am Kampf géint d‘Ënnerernierung vun de Kanner, psychologesch Betreiung …

Kontext

De Phenomeen vun de Stroossekanner am Togo huet sech an de leschte Jore weider verschlëmmert. Am Joer 2020 goufen et op de Stroossen am Land eng 7.000 Kanner, déi sech selwer iwwerlooss waren, d’Hallschent vun hinnen (3.000) an der Haaptstad Lomé.

D’Haaptursaachen dovu sinn d‘Aarmut oder den Zerfall vun de Familljen (Patchworkfamilljen, nei Bestietnisser, Doud vun engem Elterendeel), eng ongenügend Opsiicht duerch d‘Elteren a Gewalt géint bestëmmte Kanner. All déi Phenomeener ginn ëmsou méi verstäerkt, wéi et un enger ëffentlecher Politik feelt, déi d’Betreiung vun de betraffene Kanner oder d‘Preventioun vun dëser Situatioun erlabe géif, awer och duerch déi aktuell Gesondheetskris.

Duerch dës desastréis Situatioun sinn d’Kanner engem héige Risiko ausgesat. Si si sech selwer iwwerlooss a ginn ëm hir fundamental Mënscherechter bruecht:  schlechten oder guer keen Zougang zu Hygiène a Betreiung, Ënnerernierung, Broch mam Schoulsystem. Ënnert deene Liewensbedingunge si se ville Geforen ausgeliwwert, wéi d’Gewalt op der Strooss oder och Krankheeten duerch e Manktem un Hygiène. Fir z‘iwwerliewen, siche si sech kleng Geleeënheetsaarbechten, déi oft schwéier an ënnerbezuelt sinn. Si ginn dobäi dacks (wirtschaftlech a sexuell) ausgenotzt a mësshandelt.

Anerer klauen, verfale selwer der Kriminalitéit, der Gewalt an den Drogen.

De Broch mat der Schoul huet och schwéier Konsequenzen. Déi jonk Meedercher riskéieren, fréi schwanger ze ginn a sexuell Gewalt z‘erliewen. D‘Kanner an déi jonk Leit sinn der Devianz ausgesat. Dobäi kënnt, datt dës Kanner / jonk Leit ouni Ausbildung méi e grousse Risiko vu Chômage, finanzieller Onsécherheet, sozialer Isolatioun an Aarmut hunn, wa si bis am erwuessenen Alter sinn.

Den Zougang zu gesécherten a qualitative Liewensbedingungen ass en Haaptpilier fir eng gutt Entwécklung vun den Togolesesche Kanner ze garantéieren. D’Betreiung an d’Ënnerstëtzung vun dëse Stroossekanner si wesentlech, fir hinnen et z’erméiglechen, e strukturéiert an optimaalt Familljenëmfeld ze fannen, fir datt se an de beschte Konditioune wuessen a sech entwéckele kënnen.

D’Missioun

Allgemengt Zil: D‘Liewensbedingunge vun de Stroossekanner an der Stad Lomé verbesseren.

Spezifescht Zil: Déi familiär a sozial Reintegratioun vun 20 Stroossekanner zu Lomé méiglech maachen duerch:

  • eng juristesch, gesondheetlech a sozial Betreiung vun dësen 20 Kanner
  • en temporäre Placement vun de Kanner bei Fleegefamilljen
  • d‘Educatioun / d‘Ausbildung / d‘Sensibiliséierung.

Aktivitéiten

  • Sozial Enquête an Identifikatioun vun de Stroossekanner an hiren Elteren / legalen Erzéiungsberechtegten an den 20 Fleegefamillen.
  • Sensibiliséierung vun den 20 Fleegefamillje fir eng adequat Betreiung vun de Kanner, déi si bei sech ophuelen an Ënnerstëtzung fir dës Familljen: Versuergung mat Liewensmëttel, Fonge fir d’Betreiung vun de  Kanner, asw.
  • Medezineschen a psychologesche Suivi vun deene Kanner, déi et am meeschten néideg hunn, Hëllef beim Beschafe vun Identitéitskaarte fir déi, déi keng hunn.
  • Berufflech Ausbildung fir déi 20 Elteren / gesetzlech Erzéiungsberechtegter vun de Kanner, Affektéiere vu Mikrokreditter a Suivi / Berodung bei der Entwécklung vun enger Aktivitéit, déi en Akommes erméiglecht (IGA – Income Generating Activity).
  • Evaluatioun vun de Liewenskonditiounen an der Autonomie vun den 20 Elteren / de gesetzlechen Erzéiungsberechtegten an hirer Fäegkeet, fir hiert Kand/ hir Kanner nees bei sech opzehuelen an ze betreien;  eventuell Reintegratioun vun de Kanner an hir Familljen, wann d’Konditioune vun den Elteren / Erzéiungsberechtegten et erlaben a Suivi vun der Reintegratioun.

D’Beneficiairen

Insgesamt sinn et 60 Persounen, déi direkt vun der Ëmsetzung vun dësem Projet profitéieren:

  • 20 Stroossekanner
  • 20 Responsabel fir d’Fleegefamilljen
  • 20 Elteren / gesetzlech Erzéiungsberechtegte vu de Kanner.

All d’Membere vun de Fleegen- a biologesche Familljen, also ëm déi 320 Persounen, sinn indirekt vum Projet betraff a profitéiere vu senger Ëmsetzung. D‘Fleegefamillje wäerte sech u verschiddenen Aktivitéite bedeelegen, mam Zil, hir Kapazitéiten ze stäerken (Sensibiliséierung, pedagogesch Gespréicher an Ausbildung) , hiert Wëssen iwwer d’Rechter an d’Flichte vun de Kanner ze verdéiwen a fir déi néideg Moyenen ze hunn, fir d’Kanner ze betreien. D‘Elteren / Erzéiungsberoder profitéieren och vun enger Ënnerstëtzung, fir Aktivitéiten z’entwéckelen, déi en Akommes erméiglechen a fir de Besoine vun hire Kanner méi gerecht ze ginn.