Plaidoyer fir de Schutz an d’Stäerkung vun de Rechter vun de Fraen am Distrikt vu Batticaloa (ëstlech Provënz vum Sri Lanka)

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 12.450 Persounen

 

Lokale Partner

D’ESDF (Eastern Social Development Foundation) ass eng zivilgesellschaftlech Organisatioun aus dem Sri Lanka, déi säit 2008 Projete fir d’Entwécklung an d’Stäerkung vun de Mënscherechter am Distrikt vu Batticaloa duerchféiert.

Manifestation en faveur des droits des femmes (Batticaola)

D’Problematik

An der ëstlecher Provënz vum Sri Lanka huet d’Gewalt géint déi Fraen, déi zu de Minoritéite gehéieren, säit dem Enn vum bewaffnete Konflikt (2009) duerch d’Präsenz vum Militär zougeholl.

  • D’Onsécherheet ass ganz grouss : d’Arméi ass a ville Fäll vu Vergewaltegung, Folter a sexueller Aggressioun implizéiert.
  • De reliéisen Extremismus fällt iwwer déi islamesch an tamilesch Minoritéiten hir a virun allem iwwer d’Fraen.
  • D’Frae leiden ënnert enger katastrophaler ekonomescher Situatioun : si sinn duebel souvill vum Chômage betraff wéi d’Männer a ginn op der Aarbecht ausgenotzt.
  • Problemer bei der Kommunikatioun : an deene meeschten Administratiounen a Klinicke gëtt Singhalesesch geschwat, eng Sprooch, déi d‘Minoritéite net beherrschen. Si kënnen also net iwwerpréiwen, ob hir Kloe bei den Administratiounen ukommen, an an de Klinicke versti si den Diagnostik vun hire gesondheetleche Problemer net.

Ziler/Aktivitéiten

De Projet gesäit vir :

  • D‘Grënnung vun engem Reseau vu Fraegruppen « Women’s Affairs Societies » (WAS) , gemeinschaftlech Organisatiounen, déi d’Fäll vu sexueller Gewalt noweisen, déi sozial, medezinesch a psychologesch Prise en Charge vun den Affer méiglech maachen an d’Rechter vun de Frae stäerken
  • D‘Verstäerkung vun der Justiz, fir de juristeschen Appui am Fall vu genderbaséierter Gewalt ze verbesseren
  • D’Verstäerkung vun den ëffentlechen Institutiounen fir mat Fäll vu geschlechtsspezifescher Gewalt ëmzegoen

D’Beneficiairen

D’Zuel vun de Beneficiairë gëtt am Ganzen op 12 450 Persoune geschat.

Direkt Beneficiairen

  • 10 380 Fraen, déi Member vun de « WAS » sinn. Grënnung vun enger Federatioun, déi et méiglech mécht, Wëssen an Erfarungen ze deelen
  • Sensibiliséierung an Ausbildung vun 1000 Agenten aus dem ëffentlechen Déngscht (Police, Geriichtsmedeziner, Assistants sociaux, Membere vun der Educatioun, der Justiz an dem medezinesche Secteur …)
  • 70 aktiv Fraen aus de ländleche Géigenden (Formatioun a Verstäerkung vun de Kapazitéiten)
  • Op d’mannst 1000 Affer vu sexueller Gewalt : si kréie juristesch Rotschléi an eng psycho-sozial respektiv medezinesch Betreiung.

Indirekt Beneficiairen

  • All d’Fraen aus dem Distrikt vu Batticaloa profitéiere vun de politesche Changementer zu Gonschte vun de Rechter vun de Fraen a  bessere sozialen, politeschen an ekonomesche Chancen.