Nohaltegen Zougang zum Drénkwaasser, Bau vun Toiletten an Duschen, Gestioun vum Offall a Sensibiliséierung fir d‘Hygiène um Gebitt vu 4 Téiplantagen

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 13 600 Persounen

Dauer vum Projet : 24 Méint, Abrëll 2015 – Dezember 2017

Uert : Regioune vun den Téiplantagen am Sri Lanka

Vum Lëtzebuerger Ausseministère kofinanzéierte Projet

Lokale Partner

Den International Institute of Development Training (IIDT) ass deen net lukrativen Zweig vun dem Berodungscabinet EML, deen ursprénglech vun Ernst&Young an DHV Hollande gegrënnt gouf, fir dunn am Joer 2004 enger lokaler Equipe iwwerdroen ze ginn. Den IIDT ass u villen Entwécklungsprojete bedeelegt, a Partnerschaft mat grousse Kreditinstituten wéi d’Weltbank an déi Asiatesch Entwécklungsbank. D‘Projete befaasse sech mat Gebidder wéi Bauindustrie, Ëmwelt, sozio-edukativ Enquêten, Verwaltungsberodung, berufflech Ausbildung, Encadrement vun Equippen, Evaluatioun vu bedeitende Projeten, asw.

D’Problematik

Iwwer 21% vun der aktiver Populatioun vum Sri Lanka bedeelegt sech u verschiddenen Aktivitéite vun der Plantagewirtschaft, virun allem op den Téi- a Gummibamplantagen (Hevea). Trotzdeem liewen d‘Aarbechter a miserabele sanitäre Konditiounen. Déi mannste vun hinnen hu fléissend Waasser, eng privat Toilette oder eng, déi no bei hirer Wunneng ass.  Si sinn och net opgekläert iwwer d’Risiken, déi  eng schlecht Hygiène mat sech bréngt an iwwer d’Krankheeten, déi duerch Exkrementer iwwerdroe ginn. Ausserdeem ass och d’Gestioun vum Offall och e grousse Problem, well jidderee säin Dreck einfach virun d’Dir gehäit. Doduerch kënne sech verschidde Krankheete séier ausbreeden, virun allem ënnert deene schwächste Persounen (Kanner, schwanger Fraen, asw.). Dovun ofgesinn zitt den Offall och Hënn un, vun deenen der vill mat der Tollwut infizéiert sinn. Déi vill Offäll schueden der Ëmwelt a verschmotzen déi natierlech Ressourcen an de Plantagen.

Ziler/Aktivitéiten

D’Zil vum Projet ass, de grondleeënde Bedierfnesser  vun den aarme Landaarbechter vu 4 Plantagen am Sri Lanka duerch de Bau vun Toiletten an den a Zougang zum Waasser gerecht ze ginn:

  • Bau vun 394 Toiletten (970 Beneficiairen)
  • Bau vu 34 Gemeinschaftsdusche fir d’Fraen
  • Bau vun 9 Systemer fir d’Waasserversuergung (956 Beneficiairen)
  • Sensibiliséierungsprogrammer fir eng besser Hygiène

De Bau vun den uewe genannten Equipementer gouf duerch verschidde Projeten realiséiert, déi Padem säit 2007 duerchgeféiert huet.

Beneficiairen

Direkt Beneficiairen : 1200 Kanner an hir Famillje profitéieren vum Projet. Et handelt sech ëm d‘Aarbechter/inne vun den Téiplantagen, déi an extremer Aarmut liewen. Am Ganze sinn ongeféier 13 600 Persoune  vum Projet betraff.