Gemeinschaftleche Projet fir d’Waasserversuergung vun de Plantagen an de ländleche Communautéite vu Nuwara Eliya am Sri Lanka

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 400 Kanner, 600 Elteren

Dauer vum Projet : 2020/2021, 12 Méint

Uert : Nuwara Eliya, Sri Lanka

Lokale Partner

D’PALM-Fondatioun ass eng Vereenegung aus dem Sri Lanka, déi säit iwwer 25 Joer ganzheetlech Entwécklungsprogrammer duerchféiert, zu Gonschte vun de Populatiounen am Zentrum vum Land an an den entleeënen Nopeschdierfer.  Fir méi Autonomie z‘entwéckelen an d’Kapazitéite vun de Gemeinschaften ze stäerken, ginn d’Projete vun der PALM-Fondatioun duerch eng participativ Approche an duerch d’Grënnung vu gemeinschaftlechen Organisatiounen ëmgesat.

D’PALM-Fondatioun ass a verschiddenen Domänen aktiv, wéi zum Beispill:

  • D’Stäerkung vun der sozialer Mobilisatioun an d’Entwécklung vun der Representatioun an der Participatioun vun de Fraen
  • D’Entwécklung vun Infrastrukturen an d’Verbesserung vum Zougang zum Waasser an der Entsuergung vum Ofwaasser
  • De Schutz vun de Kanner
  • D’Gestioun vun de natierleche Ressourcen an d’Entwécklung vun der biologescher Landwirtschaft
  • D’Verbesserung vun der Gesondheet an der Ernärung
  • D’Mikrofinanz
  • D’Educatioun an d’Sensibilisatioun vun de Populatiounen a verschiddenen Domänen: Genderproblematik a Gläichheet tëschent de Geschlechter, Zivilrechter, Gesondheet a Wuelbefanne vun den ale Leit, Gefore vum Alkohol …

Kontext

Den Distrikt vu Nuware Eliya am Sri Lanka ass bekannt fir seng staark Reefäll an Iwwerschwemmungen. Trotzdeem ass de Mangel un Drénkwaasser e reelle Problem. Déi verschidden Téiplantagen an isoléiert Dierfer hu weder eng gutt Waasserversuergung nach eng gutt Ofwaasserentsuergung. D’Fraen an d’Kanner si vill Stonnen zu Fouss ënnerwee, fir Waasser sichen ze goen. Als Konsequenz sinn och d’Krankheeten, déi iwwert knaschtegt Waasser iwwerdroe ginn, bei de Kanner heefeg.

D’Aktivitéiten

  • Eng territorial Bestandsopnam iwwert d’Problematiken, déi mam Waasser ze dinn hunn
  • Opstelle vu Comitéë fir d’Gestioun vum Waasser
  • Uleeën a Renovéiere vu Waasserflächen an de gemeinschaftlechen Zonen, de Primär- a Spillschoulen
  • Sensibiliséierung vun der Gemeinschaft an de Kanner iwwert déi perséinlech Hygiène an d’Hygiène vun der Ëmwelt souwéi d’Gestioun vum Offall
  • Organisatioun an Duerchféierung vu Campagnë fir d’Gestioun vum Offall

D’Beneficiairen

400 Kanner, 600 Elteren, 1000 Membere vun der Communautéit, 10 Enseignanten, 20 Vertrieder vun de Plantagen an de lokalen Autoritéiten