Zougang zu Drénkwaasser a Sanitäranlage fir d’Schoulen a Gesondheetsstrukture vu ländleche Gemeinschaften am Senegal

Stand vum Projet : Ofgeschloss  | Zuel vun de Beneficiairen : 49 612 Persounen

Dauer vum Projet : 2015-2016

Uert : Paoskoto an Taïba Niassène, Departement vun Nioro du Rip, Regioun vu Kaolack, Senegal

Partenariat

RADI (Réseau Africain pour le Développement Intégré) ass eng panafrikanesch ONG, déi 1985 vun engem Grupp vun afrikanesche Kadere gegrënnt gouf, déi hir Erfarungen an hiren Knowhow zesummendoe wollten. Dës ONG huet sech de Kampf géint d’Aarmut, d’Ongerechtegkeet an d’Ignoranz op de Fändel geschriwwen. Si huet sech als Zil gesat, d’Bildung an d’Organisatioun vun de Populatiounen z’ënnerstëtzen, andeems se  duerch eng participativ a populär Approche d’Initiativen an d’Autonomie vun de Leit stäerkt.

D’Problematik

Déi ländlech Gemeinschaft vu Paoskoto zielt 132 Dierfer a 42 591 Awunner, déi vun Taïba Niassène 22 Dierfer a 25 075 Awunner. Vun deenen 11 Schoulen, déi am Paoskoto gebaut goufen, hunn nëmme 6 Zougang zum Drénkwaasser a nëmme 5 hu Sanitäranlagen. An der Gemeinschaft vun Taïba Niassène hu 15  vun 18 Schoulen Zougang zum Drénkwaasser an 12 dovun hu Sanitäranlagen. Vill Kanner mussen dofir hir Besoinen am Fräie maachen. Duerch dës Situatioun klëmmt de Risiko vu Krankheeten, déi duerch verschmotzt Waasser iwwerdroe ginn.                                                                                                                                                    Och wat d’Gesondheetsstrukturen ugeet, ass de Bilan gemëscht. Weder d’Gesondheetsstatioun  (Poste de santé)  nach d’Maternité vu Paoskoto hu Wäschburen. Vun deenen 3 Gesontheetsstatiounen an der Maternité vun Taïba Niassène, verfügt just eng Gesondheetsstatioun iwwer  Wäschburen. Dat gebraucht Waasser gëtt einfach an der Ëmgéigend ausgeschott, wat ee Gesondheetsrisiko fir d’Populatioun duerstellt a schiedlech fir d’Ëmwelt ass. Schliisslech hu 5 vun deene 6 Gesondheetsstatioune (Cases de santé)  vu Paoskoto an alle 6 vun Taïba Niassène keng Toiletten, wouduerch d’Riskoe fir Gesondheet an Ëmwelt nach weider klammen.

Ziler/Aktivitéiten

Dat global Zil vum Projet war, déi sanitär Konditiounen an d’Educatioun an de ländleche Gemeinschafte vu Paoskoto an Taïba Niassène ze verbesseren.

Duerchgeféiert Moossnamen:

  • Bau vun engem Reseau vu Waasserleitungen an Uschloss un d’Verdeelernetz
  • Bau vu Sanitäranlagen, Wäschburen an Toiletten
  • Sensibiliséierung vun de Benotzer fir eng besser Hygiène an Integratioun  vun de Fraen an dës Aktivitéit
  • Berufflech Ausbildung vu Steemetzer

D’Beneficiairen :

  • Direkt Beneficiairen : 49 612 Persounen : Schüler/innen an Enseignanten, Benotzer vun de Gesondheetsstrukturen, 10 Steemetzer (fir de Bau vun den Toiletten)
  • Indirekt Beneficiairen: 23 229 Persounen