Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Fraen an der Provënz Fatick duerch Finanzéierung vu Mikrokreditter

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 3.000 Fraen an 15.000 Kanner

Dauer vum Projet : 2022/2028

Uert : Fatick regioun, Senegal

Projet, deen duerch e Kadervertrag mam Lëtzebuerger Ausseministère an der Fondation Jean Kerber finanzéiert gëtt, ënner der Regie vun der Fondation du Luxembourg

Lokale Partner

Jeunesse et Développement (JED) / Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) ass eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf, an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si inspiréiert sech un de Valeure vum Scoutismus a steet am Déngscht vun de jonke Leit a vun der Gemeinschaft. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioekonomescher Aglidderung, dem Waasser an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal.

Kontext

Am Senegal hu wéineg Fraen Zougang zur Ausbildung an/oder zu enger ofgeschlossener Schoulzäit, wat hir Chancen op eng éierbar Aarbecht reduzéiert. Den Alphabetiséierungstaux fir Frae vu 15 bis 49 Joer läit bei ronn 52,7 % a fir Männer bei 65,1 %.

Et gëtt eng staark Korrelatioun tëscht dem Taux vun der Alphabetiséierung an deem vun der Beschäftegung. Esou hunn d‘Chômeure meeschtens keng Ausbildung (69,9 %). Ausserdeem si 66,7 % vun de Chômeure Fraen. Den Net-Beschäftegungstaux ass méi accentuéiert am ländleche Raum. Aus dësen Zuele geet den typesche Profil vum Chômeur ervir : weiblech,  aus dem ländleche Raum an Analphabet. Sou ass dëse Projet eng direkt Äntwert op d’Besoine vun der Regioun Fatick, wou d‘Haaptaktivitéitssecteuren den Handel (46,8 %) an d’Landwirtschaft sinn a wou de Chômagetaux vun de Frae bei 47,9 % läit géintiwwer 17,3 % bei de Männer.

D’Missioun

Allgemengt Zil : D‘Frae verbesseren d’Liewensbedingunge vun hire Kanner an der Provënz Fatick.

Spezifescht Zil : D‘Frae gi finanziell autonom duerch d’Schafung an d’Entwécklung vu Mikroprojeten, déi duerch Mikrokreditter finanzéiert ginn.

D‘Aktivitéiten

  • Entwécklung vun Entrepreneurskompetenze vu Gruppen, déi fir de Fortschrëtt vun de Fraen antrieden : Ausbildung vu Fraen am Leadership an am Entrepreneursgeescht, Beruffsausbildung fir Fraen a verschiddene Secteuren (Veraarbechtung vu Kären, Uebst a Geméis, Zuucht vu Klengdéieren, asw.)
  • Verbesserung vun de Liewensbedéngunge vun de Fraen an hire Familljen : Offer vu Mikrokreditter fir d’Fraen, Entwécklung vun Aktivitéiten, déi en Akommes generéieren a vun Instrumenter, déi de Suivi vun dësen Aktivitéiten erlaben, reegelméisseg Visitte bei de Fraen a Suivi vun hiren Aktivitéiten
  • Entwécklung vun de Liewenskompetenze vun de Fraen : Sensibiliséierung vun de Frae fir  d‘Gesondheet an d‘Kannerernärung, Organisatioun vu Gespréicher iwwer de Schutz vun de Kanner

D’Beneficiairen

  • Direkt : Méi wéi 3.000 Fraen
  • Indirekt : Méi wéi 15.000 Kanner