Gemeinschaftleche Projet fir déi negativ Effete vum Klimawandel an der Zone vu Fimela ofzeschwächen

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 8000 Persounen

Dauer vum Projet : 2020/2023, 4 Joer

Uert : Senegal, Regioun vu Fatick, Fimela

Presentatioun vum projet (Video produzéiert vun eisem Partner JED)

Lokale Partner

Jeunesse et Développement (JED) / Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) ass eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si inspiréiert sech un de Valeure vum Scoutismus a steet am Déngscht vun de jonke Leit vun der Gemeinschaft. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioekonomescher Aglidderung an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal. Si ass a folgenden Domänen aktiv:

  • Educatioun vun de jonke Leit,
  • Gesondheet,
  • Matbestëmmung vun de Bierger,
  • Liewensëmstänn vun de benodeelegte Gruppen,
  • Ëmweltschutz,
  • Hygiène, Waasser an Assainissement,
  • Formatioun a Mikrokredit.

Kontext

Am Senegal huet de Klimawandel Auswierkungen, déi e grousse  Risiko fir d’Landwirtschaft, d’Waasserreserven an d’Küsteregiounen duerstellen (CPDN, 2015).

Den Arrondissement vu Fimela ass ganz räich u Ressource vu Land, Bësch, Waasser, Fëscherei asw.

Déi staark Ofholzung am Arrondissement bedreet d’Vegetatioun a virun allem d’Mangroven, déi ongeféier 30 % vum Buedem bedecken an déi wichteg si fir den Erhalt an d’Entwécklung vun de Fëschbestänn. Dës Ofholzung gëtt verursaacht duerch de Bevëlkerungswuesstem an de Klimawandel (en Däiwelskrees). Well ëmmer méi dréngend landwirtschaftlech Flächen a Wunnterraine gebraucht ginn an Holz als Bau- a Brennmaterial gesicht gëtt, huelen d’Ëmweltschied stänneg zou. Aner Ursaache fir de Réckgang vun der Vegetatioun sinn d’Versalze vun de Biedem an d’Entwécklung vum Tourismus.

De Bësch vu Sama Dia, 3 km vu Fimela ewech (e klasséierte Bësch ënnert der Gestioun vun engem Comité aus verschiddenen Dierfer), bedeckt eng Fläch vu 7,56 km2. Dëse „geschützte Bësch“ huet de Statut vun engem Biosphärereservat a gëtt staark vun de Populatiounen aus den Nopeschdierfer an Usproch geholl, fir Brennholz ze liwweren, als Weed fir d’Véi a fir medezinesch Planzen (Wuerzelen, Schuelen a Saaft vun de Beem, Blieder a Bléien), déi d‘Heilpraktiker dohinner siche ginn.

D’Programmen fir den Ëmweltschutz sinn net ëmmer gutt koordinéiert an et kënnt seelen zu engem Suivi vun den ageleeten Aktiounen.

De gewielte Vertrieder an den administrativen Autoritéite feelt et, trotz hirem gudde Wëllen, un den néidegen Instrumenter, fir den Ëmweltschutz op eng effikass Manéier anzeleeden, duerchzesetzen an ze kontrolléieren.

Déi gemeinschaftlech Basisorganisatiounen si ganz dynamesch. Si organiséiere sech an huelen gutt Initiativen, déi awer leider net vu grousser Dauer sinn.

D’Kanner ginn oft net mat bedeelegt, well den Ëmweltschutz net an de Bildungsprogrammer virkënnt.

Mir sinn also am Kontext vun enger staarker Zerstéierung vun de Ressourcen, ouni datt et nei an nohalteg Initiative gëtt, fir déi negativ Auswierkunge vum Klimawandel ofzeschwächen.

D’Aktivitéiten

D’Aktivitéite vum Projet bestinn aus 4 Voleten:

  • (1) D’Stäerkung vun de Responsabelen op lokalem Niveau, de Leadere vun de Gemeinschaften, de Responsabelen fir d’Betreiung vun de Kanner asw. Bei der Ëmsetzung vum Projet kënnt et op hir Duerchsetzungskraaft un.
  • (2) Et ass dréngend noutwendeg, duerch eng besser Kommunikatioun eng Ännerung vum Verhale vun de Bierger an hirem Engagement ze bewierken. Dofir mussen d’Populatiounen Zougang zu den Informatioune kréien, fir datt se sech iwwert d’Auswierkunge vum Klimawandel bewosst ginn.
  • (3) D’Promotioun vun den Techniken, déi en nohaltege Gebrauch vun de Ressourcen am Kampf géint de Klimawandel erlaben. Zousätzlech dozou sollen d’Gemeinschaften och alternativ Comportementer nogeluecht kréien.
  • (4) D’Verbreedung vun de gelongenen Initiativen an engem vill méi grousse Moossstaf. Et ass zwar wichteg, fir un der Basis mat de Gemeinschaften ze schaffen, awer et ass och onbedéngt noutwendeg, datt déi gelonge Beispiller Schoul maachen an datt d’Leaderen sech dofir engagéieren.

D’Beneficiairen

De Projet ëmfaasst 8000 Männer a Fraen, déi d’Ressource benotzen : d’Baueren, d’Fëscher, d’Aarbechter aus der Fëschindustrie, déi traditionell Heilpraktiker, d’Véiziichter, d’Handwierker, déi d’Holz verschaffen, d’Beienziichter, d’Jeeër, d’Hotelieren an d’Wunnbevëlkerung.

Méi genee sinn dat:

  • 50 jonk Leit un der Spëtzt vun de gemeinschaftlechen Organisatiounen
  • 50 Fraen a leedender Positioun
  • 50 Responsabel vun der Gemeng (Relioun, Gewunnechtsrecht, Administratioun, asw.)
  • 50 Gemengeconseilleren
  • 50 Enseignanten
  • 1000 Schüler/innen, Guiden a Scouten, Talibé-Kanner
  • 7500 jonk Leit, Männer a Fraen