Nohalteg mënschlech Entwécklung fir d’Fraen an d’Kanner vu Saloum

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 400 Kanner an 80 Fraen

Dauer vum Projet : 2020/2022, 3 Joer

Uert : Saloum-Delta, Senegal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

Nebeday ass eng senegalesesch Organisatioun fir eng participativ Gestioun vun de natierleche Ressourcen, déi säit 6 Joer besteet an déi schonn eng Rei vun effikasse Projete realiséiert huet.

D’Grënnung am Juni 2011 geet zeréck op eng Initiativ vum Jean Goepp, fréierem Coordinateur vun den Océanium-Projeten. Nebeday bedeit „Liewensbam“, nom Motto vun der Organisatioun: „D’Ëmwelt am Häerz vun der Entwécklung“.

Nebeday ass ee vun deene wéinegen Acteuren, déi participativ Projete fir de Schutz vun der Biodiversitéit an de Kampf géint d’Konsequenze vum Klimawandel duerchféieren an engem héich sensibele Gebitt, dem Saloum-Delta, dat op der Lëscht vum Patrimoine Mondial vun der Unesco steet.

Fir Nebeday steet d’Ëmwelt am Häerz vun enger Entwécklung, déi nëmmen duerch a fir déi ländlech Populatioune vum Senegal méiglech ass.

D’Expertis vun Nebeday besteet souwuel an hirer Interventiouns-Thematik am Kampf géint d’Auswierkunge vum Klimawandel, wéi och an hirer Interventiouns-Method, déi besonnesch no bei de Populatiounen a ganz participativ ass.

Dat erlaabt hir, Programmer fir den Ëmweltschutz duerchzeféieren a wierksam géint de Klimawandel ze kämpfen.

Dëse Social Engineering gëtt duerch eng staark Kommunikatioun ënnerstëtzt, mat Hëllef vu  vu Wanderkino-Campagnen an Diskussiounsronnen, awer virun allem duerch den Austausch, de Respekt an d’Wëssen iwwer déi lokal Gewunnechten a Gebräicher.

Duerch dës Expertis kann Nebeday innovativ Projeten am Beräich vum Klima duerchféieren, déi de Besoinen vun de Populatiounen entspriechen.

Kontext

D’Reserv vun der Biosphär vum Saloum-Delta (RBDS) ass räich u Ressourcen, déi eng ekonomesch Bedeitung hunn an eng wichteg Liewensgrondlag fir d’Populatiounen an de Nopeschgéigende sinn. Allerdéngs leit déi Regioun ënnert de Konsequenze vum Klimawandel (Dréchent, Versalzung vum Buedem), der Degradéierung vun de Bëscher, dem Réckgang vun der landwirtschaftlecher Produktioun an dem Verloscht vu marinne Planzen- an Déierenaarten.

Dës Elementer hunn direkt Auswierkungen op déi ekonomesch Entwécklung vum Delta an op d’Liewensbedingunge vun de Populatiounen. Zum Beispill leiden d‘Fraen, déi sech op d’Fëschveraarbechtung spezialiséiert hunn, ënnert dem Réckgang vun der Fëscherei, wat hir Aarbecht an hiert Akommes a Fro stellt. Se musse sech dann nach méi ustrengen, fir de Besoine vun hire Kanner nozekommen, virun allem, wat d’Ernärung ugeet.

D’Missioun

De Projet besteet doran, gesond an ëmweltschounend Liewensgewunnechte fir d’Gemeinschafte vum Saloum-Delta z’entwéckelen an domat d’Ëmwelt ze schützen a nohalteg ekonomesch Filièren ze schafen (Agroforstwirschaft, Imkerei, Biokuelen …), déi et hinnen erlaben, hire Besoinen nozekommen.

D’Akivitéiten

  • fir d’Frae vum Saloum-Delta ginn nohalteg ekonomesch Filièren entwéckelt
  • duerch d‘Realisatioun vun engem Kuerzfilm, dee virgeféiert gëtt mat uschléissender Diskussioun an duerch Radio-Sendunge ginn d’Leit fir d’Roll vum Kand an der Famill a fir eng gesond Ernärung sensibiliséiert
  • duerch Ëmweltcoursen, déi am Zentrum vum Delta organiséiert ginn, sollen d’Kanner fir d‘Ëmweltproblematik a fir d’Gestioun vun de natierleche Ressourcë sensibiliséiert ginn
  • an de Schoule vum Delta gi Coursen an der Instruction civique organiséiert, déi op de Prinzippien an de Valeure vu  „besser liewen“ an der nohalteger Entwécklung baséieren

D’Beneficiairen

400 Kanner an 80 Fraen


Faire un don pour les femmes et les enfants du Saloum


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€