Keng Gewalt géint Kanner : mir setzen eis an, datt d’Talibés Kanner net méi zum Heesche gezwonge ginn

Stand vum Projet : am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 6 400 Talibés Heeschekanner

Dauer vum Projet : 2017/2027, 11 Joer

Uert : Departement vu Matam, Senegal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère, an duerch asbl Diddeleng Hëlleft vum Diddeleng.

                                                                                                         

 

Projet Resumé

Lokale Partner :

Jeunesse et Développement (JED) des Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal (EEDS)

Bei der EEDS handelt et sech ëm eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si huet am Joer 1988 d’JED an d’Liewe geruff, déi sech genee wéi d‘EEDS un de Valeure vum Scoutismus inspiréiert an am Déngscht vun der Gemeinschaft steet, awer mam Fokus op déi Jonk. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioökonomescher Aglidderung an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal. Si ass a folgende Beräicher aktiv:

  • Erzéiung a Bildung vun der Jugend
  • Gesondheet
  • Biergerbedeelegung
  • Liewenskonditioune vu benodeelegte Gruppen
  • Schutz vun der Ëmwelt
  • Hygiène, Waasser a Sanitär
  • Berufflech Ausbildung a Mikrokredit

D’Problematik

47% vun de 562.539 Awunner vu Matam si manner wéi 15 Joer al. 45% vun de Famillje sinn aarm. Déi extrem Aarmut, awer och verschidde kulturell an traditionell Ëmstänn, sinn d’Ursaach fir de Phänomen vun de Stroossekanner, déi Talibés genannt ginn. D’Talibés Kanner am Senegal si meeschtens Bouwen, déi vun hirer Famill wäit fort a Koranschoulen, Daaras, geschéckt ginn, wou si de Koran léiere sollen.  Allerdéngs sinn déi Daaras net alleguer als gläichwäerteg ze betruechten. D‘Talibés Kanner ginn dacks exploitéiert a gezwongen, fir heeschen ze goen, schwéier a geféierlech Aarbechten ze maachen, oder si mussen haart kierperlech Strofen iwwer sech ergoe loossen. An anere Koranschoule beméie sech d’Schoulmeeschteren, de Stonneplang sou gutt wéi méiglech ze respektéieren an doduerch d‘Zäit vum Heeschen ze limitéieren. Allerdéngs si se domat an der Minoritéit. Am Departement vu Matam gëtt et méi wéi 7.000 där Kanner, déi op de Stroossen engem héije Risiko ausgesat sinn an ëm hir Rechter bruecht ginn.

Ziler /Aktivitéiten

De Projet viséiert eng Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun den Talibés Kanner vum Matam, sou datt si vun dem Liewen op der Strooss fortkommen. Folgend Moossname ginn dobäi ëmgesat:

  • Schafung vu Logementer, Schlofméiglechkeete mat Mustikkennetzer, eng besser Versuergung mat Drénkwaasser,  Aschreiwung am Etat civil, Gesondheetsversëcherung, Aktivitéiten, déi den Daaras en Akommes verschafen, Verbesserung vun der Ernärung vun de Kanner
  • E Bewosstsinn vun der Gemeinschaft, de Cheffen an de lokalen Autoritéiten entwéckelen, dass d’Kanner e Recht op eng gutt Bildung hunn an d’Abuse géint Kanner bekämpft ginn. Dat soll erreecht ginn duerch gemeinschaftlech Forumen, Welt-Deeg, 240 Gespréichsronnen, Sensibiliséierung an Ausbildung vun de Schoulmeeschteren an de Koranschoulen, Radio-Spotten
  • Iwwerwaachungs- a Schutzmechanismus géint d’Maltraitéiere vun de Kanner: Iwwerwaachungscomitéen an Aktiounspläng an den Dierfer, Alarmsystem, Denoncéieren an Ukloe vun Ausbeutung a Gewalt géint Kanner
  • Verbesserung vun de Konditiounen an de Léier-Programmen an de Schoulen

D’Beneficiairen:

  • Direkt Beneficiairen:
    • 6 400 Talibés Heeschekanner
    • 70 Daaras (Koranschoulen)
    • 70 Schoulmeeschteren vu Koranschoulen
  • Indirekt Beneficiairen: d’ganz Gemeinschaft an d’Meenungsleaderen
De Projet am Detail

Faire un don pour les enfants talibés de la région de Matam


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€