Grënnung vun engem gemeinschaftleche Gesondheets-Beräich zu Guinaw Rail Nord an der Regioun vun Dakar

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 3000 Schüler/innen a 500 Kanner tëscht 0 a 5 Joer

Dauer vum Projet : 2020/2022, 3 Joer

Uert : Gemeng vu Guinaw Rail Nord, Stad Pikine, Dakar, Senegal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère


Lokale PartnerWARANKA GR (Valoriséieren a Verbessere vun de Ressourcen an der Ëmwelt vun de Wunnquartieren) ass eng lokal Entwécklungsorganisatioun, déi zu Pikine, engem Viruert vun Dakar, am Quartier Guinaw Rail baséiert ass. Zënter hirer Grënnung am Mee 2004 organiséiert si villfälteg Aktivitéiten an den Domäne vun der Gesondheet, der Educatioun, der berufflecher Ausbildung an dem Ëmweltschutz.

Kontext

D‘Besidelung vu Guinaw Rail huet an den 1965er Joren an der Peripherie vun Dakar ugefaang, engersäits duerch d’Zwangsevakuéierung vun der Populatioun aus den zentrale Bidonvillen vun Dakar an anerersäits duerch de Phänomen vun der Landflucht an d’Stied. D’Besidelung vum Site ass deemno ganz spontan an ouni Planifikatioun ofgelaf.  Déi wëll Urbanisatioun vu Guinaw Rail Nord, de Manktem vu sanitären Ariichtungen, d’Entsuergung vum knaschtege Waasser an de Stroossen an déi heefeg Iwwerschwemmungen hunn zesumme mat enger staarker Pollutioun zu Dakar an an der Peripherie dozou bäigedroen, datt verschidden Infektiounskrankheeten (Parasitosen, Malaria, Hautkrankheeten a Krankheete vun den Ootmungsweeër) zougeholl hunn. Dobäi ass ze bemierken, datt sech haut zu Guinaw Rail 30 000 Awunner eng eenzeg Gesondheetsstatioun deele mussen.

D’Missioun

De Projet ass drop ausgeriicht, fir eng besser gesondheetlech Betreiung vun den aarmen an ufällege Populatioune vu Guinaw Rail Nord, virun allem de Kanner, duerch d’Ariichte vun enger Rei vu primäre Gesondheetsservicer z’erreechen.

D’Aktivitéiten

  • Eng gemeinschaftlech Gesondheetsstatioun gëtt gebaut an equipéiert, am Beräich vum Gesondheetswiese gi 4 Persoune rekrutéiert
  • am Zentrum gi Consultatioune fir krank Leit ugebueden an d’Patiente ginn och do betreit
  • an den ëffentleche Schoulen an den Daaras gi Gesondheetsdeeg organiséiert an och Visitte bei de Kranken doheem duerchgeféiert
  • d‘Ernärung vun de Kanner gëtt systematesch iwwerwaacht
  • et gi Seancen organiséiert, fir chronesch an endemesch Krankheeten (Diabetis, héije Bluttdrock, HIV …)  ze depistéieren
  • eemol am Mount gëtt d‘ Communautéit fir déi Krankheete sensibiliséiert an eemol am Trimester gëtt iwwer de Radio doriwwer informéiert
  • e Comité fir d’Iwwerwaachung an d’Alerten am Beräich vun der Gesondheet gëtt ageriicht

D’Beneficiairen

3000 Kanner aus den ëffentleche Schoulen an den Daaras, 500 Kanner tëscht 0 a 5 Joer, 5000 Awunner vun der Gemeng, 4 Membere vum Personal


Faire un don pour l’ouverture d’un espace de santé communautaire à Guinaw Rail Nord


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€