Ënnerstëtzung vun engem multifunktionellem Zentrum zu Thylla

Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 150 Fraen an 500 Kanner

Lafzäit : 2020/2022, 3 Joer

Wou ? : Virstad vun Thylla, Commune vun Ouarkhok, Linguère, Sénégal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère


Lokale PartnerJappo Liggey Thylla, eng ASBL, gegrënnt de 25. Dezember 2005 a vum Banneministère unerkannt. Jappo Liggey Thylla ass eng Entwécklungsorganisatioun déi zu Thylla baséiert ass – hiren Haaptsëtz ass zu Dakar. D’Organisatioun setzt sech haaptsächlech aus Memberen zesummen déi zu Thylla gebuer sinn, dat ass och de Grond dofir, dass Thylla als d’Haptinterventiounszonen definéiert gëtt.

D’Haaptzil vun de Membere vu Jappo Liggey Thylla ass, d’Leit aus dësem Duerf zesummenzebrénge fir Entwécklungsprojeten an d’Weeër ze leeden, dat a folgende Beräicher:

  • Gesondheet (Sensibilisatiouns-Aktiounen iwwert d’Präventioun vu bestëmmte Krankheeten, déi an der Regioun heefeg sinn, wéi zum Beispill de Paludisme, wéi och gratis Berodungen)
  • Educatioun (Nohëllefkuere wärend de Vakanzen, Präisverdeelung um Schluss vum Joer, Spende vu Miwwele fir d’Schoulen)
  • Ëmwelt (Aufforstungsdeeg,…)

L’association ne dispose que de peu de moyens malgré la volonté de ses membres. La stratégie de Jappo repose donc sur le partenariat local avec les pouvoirs publics et deux autres associations.

Problematik

Zu Thylla bestinn d’Haaptaktivitéiten an der Agrikultur, der Véizuucht an dem Handel – des sinn awer wéinst de Klimaverhältnesser limitéiert. D’Folge sinn: D’Ausdréchne vum Buedem , d’Onméiglechkeet Reefäll an hir Intensitéit virauszegesinn a keen anstännegt Saatgutt. Och d’Véizuucht stéisst u Grenzen – e souwuel geographesch wéi och finanziell, virun allem wat d’Fudder fir Déiere betrefft: De Mangel u Ressourcë wéi Waasser wéi och Bëschfeiere maachen des schwéier. Donieft sinn d’Impfzentre fir Déiere baufälleg. Wat d’Infrastrukturen an d’Kapassitéite betrefft, hunn d’Baueren deementspriechend Hëllef néideg.

Donieft gëtt et zu Thylla just eng Primärschoul fir 3000 Awunner. Dee nächste Lycée ass op 3 km Distanz – d’Konsequenz ass dass vill Jonker (haaptsächlech Meedercher) net an d’Schoul ginn.
Wéinst enger schwaacher wirtschaftlecher Entwécklung an engem héijen Undeel un Analphabete veraarmen, d’Awunner vun Thylla – dat ouni anert Akommes.
Ee multifunktionellen Zentrum zu Thylla soll zum enge Moyen ubidden, fir dass (virun allem) d’Fraen en Akommes kennen hunn, fir dat niddregt Akommes aus der Landwirtschaft ze kompenséieren an des ergo onofhängeg maachen.
Donieft soll och nach e Projet vun 2014 weider gefouert ginn: De Bau vun engem Gesondheetszentrum. Vun dësem konnte bis ewell déi 3000 Awunner vun Thylla profitéieren.


Ziler/Aktivitéiten

Dat allgemengt Zil vun dësem Projet ass d’Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun deene schwächste Bevëlkerungsschichten zu Thylla.
Méi konkret soll dëst duerch en méi héicht Akommes vum Zilpublikum geschéien, dat andeems d’leit Produktiounsmethode wéi och d’Geschäftsmethode léieren déi se brauche fir hir Beneficer mat hire lokale Produiten ze maachen. Dobäi kommen dann och nach praktesch Formatiounen, wéi zum Beispill d’Fierwen a d’Schneide vun Textilien, wéi och d’Produktioun an d’Verkafe vu Kleeder.

  • De Bau vun engem Gebai fir d’landwirtschaftlech Produktioun, wéi och fir d’Produktioun vu Schnattmuster a Faarwe fir den Textilhandel
  • D’Ariichten an d’Equipéiere vum Zentrum
  • D’ Ariichte vun engem Konferenzsall fir d’Formatiounen
  • Lies- a Schreifkueren, landwirtschaftlech Ausbildungen a Formatioune fir den Textilhandel
  • D’ Verschaffen an d’Verkafe vun de lokale Kären aus der Landwirtschaft (1800 kg pro Joer, haaptsächlech Nëss a Kaffi)
  • Spuer- a Kreditversecherung fir d’Aktivitéite vum Zentrum méiglech ze maachen, d’Begleeden an de Suivi vun de Beneficiairen

Beneficiaire

150 Fraen an 500 Kanner


Faire un don pour les femmes et les enfants de Thylla


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€