Ënnerstëtzung vun de Fraen op dem Wee fir méi Autonomie

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiairen : 15 800 Persounen

Dauer vum Projet : 2016-2017

Uert : Tivaouane, Regioun vun Thiès, Senegal

Lokale Partner :

Jeunesse et Développement (JED) des Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal (EEDS)

Bei der EEDS handelt et sech ëm eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si huet am Joer 1988 d’JED an d’Liewe geruff, déi sech genee wéi d‘EEDS un de Valeure vum Scoutismus inspiréiert an am Déngscht vun der Gemeinschaft steet, awer mam Fokus op déi Jonk. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioökonomescher Aglidderung an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal. Si ass a folgende Beräicher aktiv:

  • Erzéiung a Bildung vun der Jugend
  • Gesondheet
  • Biergerbedeelegung
  • Liewenskonditioune vu benodeelegte Gruppen
  • Schutz vun der Ëmwelt
  • Hygiène, Waasser a Sanitär
  • Berufflech Ausbildung a Mikrokredit

D’Problematik

Duerch dee staarken demographesche Wuesstem (2,6% pro Joer an der Moyenne) an enger Zuel vun duerchschnëttlech 5,3 Kanner pro Fra am Joer 2013, bleift et fir d’Land eng wichteg Erausfuerderung, fir déi demographesch Entwécklung an de Grëff ze kréien.  Mat engem Index vun der mënschlecher Entwécklung vun 0,485 am Joer 2013 (also ënnert deem vu Subsahara-Afrika vu 0,502), klasséiert de Senegal sech op der 163. vun 187 Plazen. D’Verbreedung vun der Aarmut am ländleche Raum gëtt op 57,3% geschat, wat staark iwwert dem nationalen Duerchschnëtt läit. An de ländleche Regioune feelt et un administrativen, sanitären a kulturellen Infrastrukturen, an et gëtt vill ze wéineg Méiglechkeeten, fir Aarbecht ze fannen a fir d’Akommes vum Stot ze verbesseren. Ausserdeem ass d’Mammestierflechkeet mat 392 Stierffäll vu Frae bei der Gebuert pro      100 000 lieweg Gebuerten nach ganz héich (eng vun deenen héichsten op der Welt).

Gläichzäiteg ass den Taux vun der Verbreedung vu Verhiddugsmëttelen ee vun den niddregsten an Afrika: vun 10% am Joer 2005 ass en op nëmmen 12% am Joer 2010 geklomm. Dobäi gëtt et grouss Ënnerscheeder tëscht Stad a Land (20% vs. 7%) an tëscht de soziale Milieuen (25% bei de Frae mat Bildung vs. 8% bei de Fraen ouni Bildung). D’Verbreedung vun de Verhiddungsmëttelen ass also ganz staark un de Bildungsniveau vun de Frae gebonnen.

Ziler/ Aktivitéiten

D’Zil vum Projet ass d’Ënnerstëtzung vun de Fraen op hirem Wee zu méi Autonomie, duerch besser Kenntnisser iwwert déi sexuell a reproduktiv Gesondheet an iwwer hir Rechter am Kader vun der senegalesescher Legislatioun, duerch d’Schafung vun Aktivitéiten, déi hinnen en Akommes erméiglechen, an duerch d’Alphabetiséierung.

Duerchgeféiert Moossnamen :

  • Opstellung vun Alphabetiséierungsklassen an 10 Dierfer vun de lokale Gemeinschafte vu Mboro, Darou Khoudoss an Taïba Ndiaye. All Klass bestoung aus 40 Fraen, déi 2 Course pro Woch haten. De Wëssensstand vun de Fraen ass tëschenduerch an um Enn iwwerpréift ginn. De Responsabele vum Departement fir d’Alphabetiséierung (RDA) huet d’Klassen eemol am Trimester besicht an esou hir Institutionaliséierung méiglech gemaach.
  • Grënnung vun engem Rotativ-Fonds fir Mikrofinanz an all Alphabetiséierungsklass
  • Formatiounen fir Entrepreneur-Techniken a fir d‘Veraarbechtung vun Uebst, Geméis a Fruucht
  • Promotioun vun Aktivitéiten, déi en Akommes produzéieren, a Begleedung vun de Fraen, déi sech decidéiert hunn, e klenge Commerce opzemaachen. Geplangt war, datt 250 Fraen esou e Choix géife maachen. De Koordinator vu Mboro huet se begleet an dofir gesuergt, datt d’Gestiounscomitéen nohalteg bestoe bleiwen .
  • Realisatioun vun enger Referenz-Etude iwwert déi sexuell a reproduktiv Gesondheet (Santé Sexuelle Reproductive SSR), besonnesch a Bezuch op d’Familljeplanifikatioun (PF).

D’Beneficiairen

  • Direkt Beneficiairen : 400 Fraen hu vun den Alphabetiséierungsklassen an enger Formatioun fir Entrepreneur-Techniken a fir d‘Veraarbechtung vu lokale Produiten (an der Haaptsaach Uebst, Geméis a Fruucht) profitéiert. Ausserdeem  goufen 8 400 Fraen an 3 000 Männer, also 11 400 Persounen am Ganzen, fir déi sexuell a reproduktiv Gesondheet sensibiliséiert.
  • Indirekt Beneficiairen : 132 280 Persoune goufe sensibiliséiert.